Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll vun der Fleegeversécherung // Le gouvernement luxembourgeois

Attributiounen

D'Decisiounen a Saache Bewëllegung vun de Leeschtunge vun der Fleegeversécherung falen an de Kompetenzberäich vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung, déi dem Ministère ënnersteet, dee fir Gesondheet a sozial Sécherheet zoustänneg ass.

D'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) huet am Kader vun de Leeschtunge vun der Fleegeversécherung Evaluatiouns-, Kontroll- a Berodungsaufgaben.

Weiderliesen

Formulaire

Wousst Dir schonn?

Der Fleegeversécherung hiert Haaptzil ass d'Prise en charge vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir fleegebedierfteg Persounen, déi doheem oder an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement liewen, d. h.:

  • Sachleeschtungen;
  • technesch Hëllefsmëttelen an Adaptatioune vun der Wunneng.

Bei fleegebedierftege Persounen, déi doheem wunnen, kann d'Prise en charge ënner gewëssene Bedéngunge Geldleeschtungen als Ersatz fir Sachleeschtungen ëmfaassen.

Praktesche Guide

Leichte Sprache

Legislatioun

Helplinen

Fir allgemeng Renseignementer:

Helpline Sekretariat  

  • Telefon: (+352) 247-86060
  • Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer
  • Contact Email
  • Fax : (+352) 247-86061

Fir Renseignementer am Zesummenhang mat techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger Adaptatioun vum Auto:

Helpline Technesch Hëllefsmëttelen

  • Telefon: (+352) 247-86040
  • Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer
  • Contact Email
  • Fax : (+352) 247-86055

Wichteg: Dir sollt op kee Fall op eegen Initiativ technesch Hëllefsmëttelen (z. B. e Rollstull, e Fleegebett oder Hëllefe fir ze goen) kafen oder Aarbechten ufänken, fir d'Wunneng oder Äeren Auto unzepassen, éier Dir d'Geneemegung vun der AEC krut. D'Gesetz gesäit keng réckwierkend Prise en charge vir.

 

Fir Renseignementer am Zesummenhang mat der Facturatioun an der Bezuelung vun der Geldleeschtung:

Gesondheetskeess (Caisse nationale de santé - CNS)

  • Telefon: (+352) 2757 - 4455
  • Contact E-Mail
  • Méindes bis Freides vun 8:00 bis 16:30 Auer 

Spezifesch Informatiounen

Beräich fir déi Professionell