Technesch Hëllefsmëttelen

D'Fleegeversécherung kann technesch Hëllefsmëttelen iwwerhuelen, „fir et der fleegebedierfteger Persoun ze erlaben, hir Liewensautonomie an de Beräicher vun der Kierperhygiène, der Ernärung, dem Kachen, der Mobilitéit bannent a baussent der Wunneng, dem Un- an Ausdoen, dem Haushalt an der mëndlecher oder schrëftlecher Kommunikatioun ze behalen oder ze verstäerken“. Dës technesch Hëllefsmëttele kënnen am Beräich vun der Sécherheet, der Präventioun an der Reduzéierung vun der Péng nëtzlech sinn. Se sollen och d'Aufgabe vun de Persoune vereinfachen, déi Hëllefs- a Fleegeleeschtungen erbréngen. Et ka sech zum Beispill ëm e Rollstull, e medezinescht Bett, e Persounelifter oder aner technesch Hëllefsmëttelen handelen, beispillsweis e Videosystem, deen d'Biller fir Persounen, déi schlecht gesinn, vergréissert, Kommunikatiounshëllefen, asw.

Dës technesch Hëllefsmëttele ginn der betraffener Persoun gratis zur Verfügung gestallt. De Montant vun de Käschten, déi iwwerholl ginn, däerf allerdéngs net méi héich ewéi 35.000 Euro pro Hëllefsmëttel sinn.

Dës Bereetstellung kann op zweeërle Manéieren erfollegen:

  • D'Fleegeversécherung kann dat technescht Hëllefsmëttel bei engem Fournisseur lounen an der betraffener Persoun zur Verfügung stellen (Prise en charge vun de Reparaturkäschten duerch d'Fleegeversécherung).
  • D'Fleegeversécherung kann dat technescht Hëllefsmëttel fir déi betraffe Persoun kafen (keng Prise en charge vun de Reparaturkäschten duerch d'Fleegeversécherung).

D'Fleegeversécherung wielt a bezilt de Fournisseur.

D'Fleegeversécherung iwwerhëlt nëmmen déi technesch Hëllefsmëttelen, déi op enger Lëscht stinn, déi vun der Berodungskommissioun virgeschloe gëtt an an engem groussherzogleche Reglement festgehalen ass.

D'Fleegeversécherung iwwerhëlt och d'Käschten, déi mat der Installatioun an der Mise en service vun den techneschen Hëllefsmëttele verbonne sinn.

D'Fleegeversécherung iwwerhëlt déi technesch Hëllefsmëttelen an d'Käschten, déi mat der Installatioun an der Mise en service vun den techneschen Hëllefsmëttele verbonne sinn, nëmmen op prealabelen Avis vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung. D'Fleegeversécherung iwwerhëlt keng Käschten, wann déi betraffe Persoun en technescht Hëllefsmëttel ouni dëse prealabelen Avis kaaft huet.

D'Fleegeversécherung kann och d'Käschte vun techneschen Hëllefsmëttele fir Persounen iwwerhuelen, déi net de Mindestbedarf vun 3,5 Stonne bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen erreechen, mä opgrond vun enger Krankheet oder enger Beanträchtegung, déi méi laang ewéi sechs Méint undauert, regelméisseg an an engem grousse Mooss op Hëllef an den uewegenannte Beräicher ugewise sinn.

Wann den Demandeur an enger gelountener Wunneng lieft, déi sengem Bedarf net ugepasst ass, kann d’Fleegeversécherung sech un der Prise en charge vun den zousätzleche Loyerskäschte bedeelegen, déi doduerch entstinn, datt den Demandeur an eng ugepassten oder upassbar Wunneng plënnert. Den Héchstbetrag vun dëser Participatioun läit bei 350 Euro de Mount. D’Participatioun um Loyer all Mount hält op, wann de gesamten Héchstbetrag vun 28.000 Euro erreecht ass.

Hei ënne fannt Dir zousätzlech Informatiounen iwwer bestëmmt speziell technesch Hëllefsmëttelen:

Aktualiséiert