Demande fir Leeschtunge bei der Fleegeversécherung

D'Leeschtunge ginn iwwert e Formulaire, fir d'Leeschtunge vun der Fleegeversécherung unzefroen, ugefrot, deen ee sech op folgende Plaze besuerge kann:

  • bei der Gesondheetskeess (CNS)

Tel.: (+352) 2757 - 4455
Fax: (+352) 2757 - 4619
E-Mail

Méindes bis freides vun 8:00 bis 16:30 Auer  

  • bei der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung

Helpline Sekretariat vun der AEC
Tel.: (+352) 247-86060
Fax: (+352) 247-86061
E-Mail

Méindes bis freides vun 8:30 bis 11:30 Auer a vu 13:30 bis 16:30 Auer

D'Demande besteet aus engem Formulaire, deen den Demandeur muss ausfëllen, AN engem medezinesche Rapport (R20), deen de behandelnden Dokter muss ausfëllen: D'Ufro fir d'Leeschtungen ass eréischt vun deem Ament u komplett, wou d'Gesondheetskeess (CNS) déi zwee Deeler kritt huet.

De medezinesche Rapport (R20) ass gratis fir den Demandeur: Den Dokter gëtt direkt vun der Fleegeversécherung bezuelt.

D'Demande fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung muss op folgend Plaz geschéckt ginn:

Caisse nationale de santé (CNS)
Assurance dépendance
B.P. 1023
L- 1010 Lëtzebuerg

En Accusé de réception bestätegt, datt d'Demande ukomm ass, an erwäänt den Datum vum Ufank vum Usproch op d'Leeschtungen. Wann den Demandeur no der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung hirer Evaluatioun als fleegebedierfteg unerkannt gëtt, huet hien ab dem Datum vun der Demande Usproch op Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi vun engem Fleegedéngscht erbruecht ginn (Sachleeschtungen).

Aktualiséiert