Definitioun

Wat bedeit et, fleegebedierfteg ze sinn?

Op Hëllef bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen ugewise sinn

Als fleegebedierfteg gëtt all Persoun unerkannt, déi, onofhängeg vun hirem Alter an opgrond vun enger kierperlecher, geeschteger oder psychescher Erkrankung oder Beanträchtegung regelméisseg an an engem grousse Mooss op enger Drëttpersoun (Déngschtleeschter, nostoend Persoun oder Privatpersoun) hir Hëllef ugewisen ass, fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen duerchzeféieren.

Bei dësen Aktivitéite vum alldeegleche Liewen handelt et sech ëm d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de folgende Beräicher:

  • Hygiène: Hëllef bei der Kierper- a Mondhygiène, beim Raséieren an der Epilatioun vum Gesiicht oder bei der Menstruatiounshygiène;
  • Toilettegang: Hëllef beim Toilettegang, beim Wiessele vun enger Stomatäsch oder dem Eidelmaache vun enger Urintäsch;
  • Ernärung: Hëllef beim Iessen an Drénken oder bei der enteraler Ernärung;
  • Un- an Ausdoen: Hëllef beim Un- an Ausdoen oder beim Installéieren an Ausdoe vu Korrektur- a Kompensatiounsmëttelen;
  • Mobilitéit: Hëllef bei den Transferten an d'Deplacementer, Hëllef fir an d'Wunneng eranzegoen a se ze verloossen oder fir vun engem Stack op deen aneren ze goen.

D'Hëllef vun enger Drëttpersoun kann an engem oder a verschiddene Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen néideg sinn.

Dës Hëllefstellung ka jee no der betraffener Persoun hirem Gesondheetszoustand verschidde Formen unhuelen:

  • d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewe ginn deelweis oder ganz fir déi fleegebedierfteg Persoun duerchgeféiert;
  • déi fleegebedierfteg Persoun gëtt bei der Ausféierung vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen iwwerwaacht oder ënnerstëtzt.

D'Hëllef bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen duerch eng Drëttpersoun muss enger bestëmmter Intensitéit entspriechen: de Besoin un Hëllef muss op d'mannst 3,5 St./Woch erreechen (Mindestbedarf).

D'Fleegebedierftegkeet muss aller Wahrscheinlechkeet no op d'mannst sechs Méint laang undaueren oder irreversibel sinn: D'Fleegeversécherung betrëfft déi dauerhaft, endgülteg oder irreversibel Fleegebedierftegkeet.

Wann eng Persoun wärend enger kuerzer Zäit oder nëmme fir den Haushalt oder d'Kachen op Hëllef ugewisen ass, ass se net fleegebedierfteg am Sënn vum Gesetz.

Op technesch Hëllefsmëttelen an Adaptatioune vun der Wunneng ugewise sinn

Eng Demande bei der Fleegeversécherung kann och agereecht ginn, wann eng Persoun op technesch Hëllefsmëttelen oder eng Adaptatioun vun der Wunneng oder dem Auto ugewisen ass, onofhängeg vum Besoin un Ënnerstëtzung bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen.

Besonnesch Bestëmmungen

Verschidde Gruppe vu Persoune kënnen ënner anere Bedéngungen (Krittäre fir d'Bewëllegung, déi duerch e groussherzoglecht Reglement festgeluecht sinn) d'Fleegeversécherung an Usproch huelen.

Dobäi handelt et sech ëm:

  • Persounen, déi net méi gutt gesinn;
  • Persounen, déi wéinst schwéiere Schied um Gehéier, enger Aphasie, enger Dysarthrie oder enger Laryngektomie Schwieregkeeten hunn, ze kommunizéieren;
  • Persoune mat enger symptomatescher Form vu Spina bifida.

Esoubal d'Bewëllegungskrittären am Kader vun enger Verschlechterung vum Gehéier oder der Siicht vun engem spezialiséierten ORL oder engem Aendokter, dee vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung agreéiert ass, evaluéiert gi sinn, kann d'Persoun eng pauschal Geldleeschtung an Usproch huelen.

Fleegebedierftegkeet vu Kanner (bis den Alter vun 8 Joer)

All déi jonk Kanner si bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen op d'Hëllef vun hiren Elteren ugewisen. Verschidde Kanner brauchen opgrond vun enger Krankheet oder enger Behënnerung méi Hëllef an dëse Beräicher.

Wann d'Fleegeversécherung bei kranken oder behënnerte Kanner zum Asaz kënnt, gëtt den zousätzleche Besoin un Hëllef vun dëse Kanner am Verglach mat gesonde Kanner am selwechten Alter berücksichtegt.

Aktualiséiert