Internationale Volet

Internationale Volet vun der Fleegeversécherung

All d'Persounen, déi bei der Lëtzebuerger Krankeversécherung verséchert sinn, hunn och Usproch op d'Fleegeversécherung. Als Rappel: eng Persoun gëtt als fleegebedierfteg ugesinn, wa se regelméisseg an an engem grousse Mooss op d'Hëllef vun enger Drëttpersoun ugewisen ass, fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen duerchzeféieren. Dës Aktivitéite vum alldeegleche Liewe betreffen d'Beräicher Kierperhygiène, Toilettegang, Ernärung, Un- an Ausdoen a Mobilitéit. De Besoin un Hëllef muss op d'mannst 3,5 Stonne Fleeg d'Woch an den uewe genannte Beräicher erreechen an d'Fleegebedierftegkeet muss mindestens sechs Méint laang undaueren oder irreversibel sinn.

Är Rechter

Fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung unzefroen, muss en Ufroformulaire ausgefëllt ginn an e medezinesche Rapport vum behandelnden Dokter (R20) dobäigeluecht ginn. Dëse Formulaire an de medezinesche Rapport mussen un d'Gesondheetskeess geschéckt ginn.

Leeschtungen am Allgemengen

Sachleeschtungen

D'Sachleeschtunge falen u fir d'Hëllefsleeschtungen, déi e professionelle Reseau bei der fleegebedierfteger Persoun doheem an am Fall vun engem Openthalt an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement (Senioren- oder Fleegeheem) erbréngt.

Geldleeschtungen

Eng fleegebedierfteg Persoun, déi doheem gefleegt gëtt, ka Geldleeschtungen als Ersatz fir d'Sachleeschtungen iwwerwise kréien, woubäi dëst un d'Präsenz vun enger Fleegepersoun fir d'Duerchféiere vun de Fleegeleeschtunge gebonnen ass. Den Héchstbetrag vun de Geldleeschtunge läit bei 262,50 € d'Woch. D’Fleegepersoun kann an de Genoss vun enger Prise en charge vun de Bäiträg un d'Renteversécherung kommen, wa se keng perséinlech Rent bezitt an den entspriechende Betrag gëtt vun der Fleegeversécherung bezuelt, ënner der Bedéngung datt d’Fleegepersoun bei der Sécurité sociale (CCSS) ugemellt ass.

Internationale Volet vun de Leeschtungen

Et sief drun erënnert, datt:

  • Dir ëmmer nëmmen an engem Land sozialverséchert sidd (an der Regel an deem Land, wou Dir schafft an och Är Sozialversécherungsbäiträg bezuelt).
  • Dir ëmmer nëmmen ee Residenzland hutt.
  • A verschidde Fäll handelt et sech dobäi ëm datselwecht Land, an aneren net (cf. Beispiller hei ënnen).

D'Geldleeschtunge musse vun deem Land bezuelt ginn, wou Dir sozialverséchert sidd, a kënnen an en anert Land vun der EU exportéiert ginn.

D'Sachleeschtunge mussen an Ärem Residenzland entspriechend de Regelen, déi do gëllen, erbruecht ginn.

Wat d'Fleegeversécherung ugeet:

  • handelt et sech bei den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, déi e Netzwierk vu Gesondheetsdéngschtleeschter bei enger fleegebedierfteger Persoun doheem erbréngt, ëm Sachleeschtungen.
  • handelt et sech bei den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an der Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, déi Gesondheetsdéngschtleeschter an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement (Senioren- oder Fleegeheem) erbréngen, ëm Sachleeschtungen.

Wann Dir vun enger Fleegepersoun doheem gefleegt gitt, kënnt Dir d'Sachleeschtungen duerch eng Geldleeschtung ersetzen. An deem Fall kritt Dir eng gewëssen Zomm Suen, fir Är Fleegepersoun ze remuneréieren.

Bei den techneschen Hëllefsmëttelen an den Adaptatioune vun der Wunneng a vum Auto, ëm déi et am geännerte groussherzogleche Reglement vum 22. Dezember 2006 fir d'Festleeën 1. vun de Modalitéiten a Limitte vun der Prise en charge vun den techneschen Hëllefsmëttelen duerch d'Fleegeversécherung; 2. vun de Modalitéiten a Limitte vun der Prise en charge vun den Adaptatioune vun der Wunneng duerch d'Fleegeversécherung; 3. vun de Produiten, déi néideg sinn, fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen duerchzeféieren (Règlement grand-ducal modifié du 22 décembre 2006 déterminant 1. les modalités et les limites de la prise en charge des aides techniques par l'assurance dépendance; 2. les modalités et les limites de la prise en charge des adaptations du logement par l'assurance dépendance; 3. les produits nécessaires aux aides et soins) geet, handelt et sech ëm Sachleeschtungen.

Wann Dir zu Lëtzebuerg verséchert sidd, an an engem anere Land vun der Europäescher Unioun lieft

  • Dat ass bei Frontalieren de Fall, déi zu Lëtzebuerg schaffen an an engem anere Land vun der EU liewen.
  • Dat ass bei lëtzebuergesche Pensionnairen de Fall, déi sech fir d'Opnam an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement an engem anere Land vun der EU entscheet hunn.

 

Wien ass zoustänneg fir:

Lëtzebuerg

Residenzland

Sachleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Neen

Jo

Geldleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Jo

Neen

Technesch Hëllefsmëttelen/Adaptatioune vun der Wunneng/Adaptatioune vum Auto

Neen

Jo

Forfait fir d'Inkontinenzmaterial

Neen

Jo

 

  • Konkret heescht dat, datt e Frontalier, deen zu Lëtzebuerg schafft an an engem anere Land wunnt, vu Lëtzebuerg eng Geldleeschtung kréie kann, wann e vun enger Fleegepersoun doheem gefleegt gëtt.
  • Konkret heescht dat, datt e Pensionnaire, deen zu Lëtzebuerg sozialverséchert war a sech fir d'Opnam an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement an engem anere Land vun der Europäescher Unioun entscheet huet, sech fir d'Prise en charge vun de Sachleeschtungen un d'Autoritéiten a sengem Residenzland wende muss.

Dir cotiséiert zu Lëtzebuerg a wunnt am Ausland

  • Är Fleegebedierftegkeet gëtt an der Regel vun den zoustännegen Autoritéiten an Ärem Residenzland evaluéiert.

Dir sidd an engem anere Land vun der Europäescher Unioun verséchert a lieft zu Lëtzebuerg

  • Dat ass bei Persounen de Fall, déi ni zu Lëtzebuerg cotiséiert hunn, an engem anere Land vun der EU sozialverséchert sinn an op Lëtzebuerg plënneren

 

Wien ass zoustänneg fir:

Lëtzebuerg

Land, an deem Dir verséchert sidd

Sachleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Jo

Neen

Geldleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Neen

Jo

Technesch Hëllefsmëttelen/Adaptatioune vun der Wunneng/Adaptatioune vum Auto

Jo

Neen

Forfait fir d'Inkontinenzmaterial

Jo

Neen

 

Konkret heescht dat, datt eng Persoun, déi an engem aneren EU-Land sozialverséchert ass, an zu Lëtzebuerg wunnt, vu Lëtzebuerg Sachleeschtunge kréie kann, wa se vun engem Fleegedéngscht doheem oder an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement gefleegt gëtt.

 

CNS - Departement „Fleegeversécherung“

Sämtlech Informatiounen zu de Leeschtungen am Ausland kritt Dir bei der Gesondheetskeess (CNS) - Departement „Fleegeversécherung“:

adetra.cns@secu.lu

Aktualiséiert