Médecin traitant - conseils pratiques

Guidelines fir d’Kolleeginnen an d’Kolleegen Doktere fir d’Ausfëlle vum « Rapport du médecin traitant dans le cadre de l’instruction d’une demande en obtention de prestations de l’assurance dépendance » R20

De Patient/Versécherten huet eng zentral Roll an der Ausféierung vun de Missioune vun der Administratioun fir d’Evaluatioun an d’Kontroll vun der Fleegeversécherung (AEC) : et ass ons wichteg, datt hie würdeg, selbstbestëmmt an an d’Gesellschaft integréiert liewe kann.

Dofir ziele mir op eng gutt Zesummenaarbecht mat iech, Dokteren. Effektiv, déi pertinent Informatiounen aus dem R20 si fir ons primordial fir d’Demande op Leeschtungen sou gutt an sou séier wéi méiglech kënnen ze traitéieren.

  • Den R20 ass eng vun den zwou  Partie vun der Demande, fir Prestatioune vun der Fleegeversécherung ze kréien, an den Datum wou e bei der CNS erakënnt ass wichteg, well d’Naturleeschtunge réckwierkend op deen Datum sinn. Wann den R20 ze spéit erageschéckt gëtt, da kann et sinn datt de Patient grouss Beträg aus senger eegener Täsch muss bezuelen.
  • Eng Demande bei der Fleegeversécherung an deemno och den R20 ass pertinent wann eng Fleegebedierftegkeet um Niveau vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe besteet. Et ass onnëtz eng präventiv Demande ze maache fir Patienten déi nach autonom sinn, an haaptsächlech wann et sech eng Demande handelt fir eng Admissioun an en Alters- oder Fleegeheem bei Leit déi nach autonom sinn.
  • Den R20 kritt dir direkt vun der CNS bezuelt an de Patient huet dofir näischt ze bezuelen.

E puer Bemierkungen zu de verschiddene Rubricke vum R20 :

An der Rubrik 1 ginn déi aktuell gesondheetlech Problemer erfrot fir déi am Fong d’Demande gemaach ginn ass. Et ass eng eenzeg vun deenen dräi Rubricken auszefëllen, en Funktioun dovunner wou de Patient dee Moment ass, wou dir den R20 schreift.

D’Rubrik 2 betrëfft d’Anamnese vum Patient, a méi detailléiert sinn haaptsächlech déi zwou Haaptgrënn vu Fleegebedierftegkeet zu Lëtzebuerg, an zwar déi motoresch Problemer (Sequellë vu Bréch, degenerativ Krankheete vum Beweegungsapparat) a kognitiv Problemer (Demenzsyndromer, mental Pathologien).

Och fir d’Rubrik 3 ass ons d’Meenung vum Dokter, dee säi Patient kennt an deen den R20 schreift immens wichteg, och wann dir vläicht der Meenung sidd  datt déi Informatiounen déi hei erfrot ginn net direkt medezinesch Donnéeë sinn. De medezinesche Standpunkt iwwert d’Autonomie oder d’Fleegebedierftegkeet vum Patient an deene fënnef Domainer vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, sief et d’Vue vum Hausdokter deen eng holistesch Vue vu sengem Patient huet an dee säi Patient scho ganz laang kennt, grad esou wéi d’Vue vum Spezialist, deen de Patient wärend enger eventueller Hospitalisatioun gesinn huet, si fir ons ganz wäertvoll Informatiounen. Et ass de medezinesche Standpunkt vum Dokter deen ons interesséiert. De Standpunkt vum Fleegepersonal – fir d’Patienten déi an engem Alters- oder Fleegeheem liewen – gëtt vum Medezinner oder Paramedeziner vun der AEC wärend senger Evaluatioun erfrot, grad esou wéi selbstverständlech de Standpunkt vum Patient selwer.

  • D‘Ennerrubrik 3.2. erlaabt iech d’Situatioun vun deene Patienten ze beschreiwen, déi zwar autonom sinn, mee déi iech awer froe fir en R20 ausgestallt ze kréien. 
    • Konkret kritt zum Beispill e Patient deen en isoléierte Besoin vun Hëllef huet, sief et fir am Haushalt ze hëllefen ze botzen oder d’Kommissiounen ze maachen, an deen awer autonom ass an den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (sech wäschen, op d’Toilette goen, iesse, sech un- an ausdoen a sech fortbeweegen), keng Leeschtunge vun der Fleegeversécherung.
    • No der Evaluatioun vun der AEC kréien aktuell 14 % vun den Demandeuren e Refus : 11 % vun hinnen erreechen de Mindestbedarf vun Hëllef vun 3 ½ Stonn pro Woch an den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen net, an 3 % vun hinnen si komplett autonom.
  • D’Ennerrubrik 3.3. erlaabt et, d’Dauer vun der Fleegebedierftegt ze determinéieren, vu datt d’Fleegeversécherung jo nëmmen an der Laangzäitfleeg intervenéiert (> 6 Méint).
    • Zum Beispill, eng Jonk Persoun vun 30 Joer, ouni soss gesondheetlech Problemer,  déi sech den Aarm gebrach huet an e Gips huet, brauch zwar wärend e puer Wochen Hëllef an den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, mee gëtt awer net vun der Fleegeversécherung en Charge geholl, vu datt eng Restiutio ad integrum aller Warscheinlechkeet no viru 6 Méint stattfënnt.
  • D’Ennerrubrik 3.4. betrëfft d’Attributioun vum « Forfait pour matériel     d‘incontinence » (FMI). Dat ass e forfaitaire Betrag fir beim Kaf vun Inkontinenzmaterial ze hëllefen an deen un déi Assuréen ausbezuelt gëtt, déi als fleegebedierfteg an den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen unerkannt gi sinn.
  • D’Ennerrubrik 3.5. soll d’Patienten detektéieren, déi en eventuelle Besoin vun enger Nuetswaach hunn. Des Prestatioun ass geduecht fir Patienten doheem, fir déi e Prestataire tëschent 22.00 Auer a 7.00 Auer kann intervenéieren, sief et wann de Patient ganz schwéier fleegebedierfteg ass, sief et fir den Aidant ze ersetze wann deen net do ass, well e selwer krank ass oder wann en einfach emol entlaascht muss ginn.

Wat d’Rubrik 4 ugeet, sou kann een an deem dediéierte Kapitel Informatiounen noliesen. Et ass effektiv net an all Fall néideg, en R20 auszefëllen, wann eng Persoun technesch Hëllefsmëttel brauch. An dëser Rubrik 4 kennt dir déi technesch Hëllefsmëttel oder Upassunge vun der Wunneng beschreiwen déi aktuell medezinesch indizéiert sinn. Fir komplex technesch Hëllefsmëttel kennt dir och hei all technesch Detailer hischreiwen, déi dir fir néideg fannt. Opgrond vun ärer Beschreiwung, stellt de Medezinner oder Paramedeziner vun der AEC, deen seng Evaluatioun um Bett vum Patient mécht, de Requis vun deem techneschen Hëllefsmëttel fest, deen am beschte gëeegent ass fir de Patient.

Als Konklusioun a fir datt den R20 korrekt auswäertbar ass, gëtt en datéiert, ënnerschriwwen a mat ärem Stempel versinn.

Zéckt net d’Doktere vun der AEC ze kontaktéiere falls dir Froen hätt.

Aktualiséiert