D'Administratioun

Am Kader vun der Fleegeversécherung huet d'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung folgend Aufgaben:

  • Avisen ofginn, wat d'Virleie vun enger Fleegebedierftegkeet ubelaangt, d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bestëmmen, déi eng fleegebedierfteg Persoun brauch, an d'Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi mussen duerchgeféiert ginn, opstellen;
  • informéieren a beroden;
  • kontrolléieren a bestëmmen, a wéi wäit d'Leeschtungen, déi tatsächlech erbruecht ginn, mat de Leeschtungen, déi gebraucht ginn, iwwerteneestëmmen;
  • d'Qualitéit vun de Leeschtunge kontrolléieren, déi fir déi fleegebedierfteg Persoun erbruecht ginn;
  • Rapporten a Saache Qualitéitskontroll vun der Fleeg opstellen;
  • Expertisen op Ufro vun aneren ëffentlechen Déngschter zesummestellen.

D'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung féiert hir Aufgaben duerch, andeem se Renseignementer freet an eng Evaluatioun bei den Demandeuren ausféiert, bei hinnen doheem oder an deem Hëllefs- a Fleegeetablissement, an deem se ënnerbruecht sinn.

D'Verwaltung vun der Fleegeversécherung gëtt vun der Gesondheetskeess (CNS) iwwerholl.

Aktualiséiert