D'Fleegeversécherung huet als Zil, op d'mannst en Deel vun de Käschten ze decken, déi duerch d'Fleeg an d'Hëllef vun enger Drëttpersoun bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen entstinn: Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de Beräicher Kierperfleeg, Toilettegang, Ernärung, Un- an Ausdoen a Mobilitéit.
D'Prise en charge vun dëse Käschten duerch d'Kollektivitéit ass esouwuel duerch d'Allgemengheet an d'Uniformitéit vum Risiko, dee jiddwereen a jiddwer Alter treffe kann, a vun der Héicht vun de Käschten, déi weder vun enger eenzeler Persoun nach vun hirer Famill kënne gedroe ginn, gerechtfertegt. Am Kader vun der Fleegeversécherung entsteet e bedéngungslosen Usproch op Leeschtungen, d. h. onofhängeg vun de finanzielle Mëttele vun der fleegebedierfteger Persoun.
D'Fleegebedierftegkeet ass genee ewéi d'Krankheet e versécherte Risiko vun der Sozialversécherung a funktionéiert no deeneselwechte Grondsätz: Jiddweree bezilt en obligatoresche Bäitrag a wann déi verséchert Persoun fleegebedierfteg gëtt, huet se d'Recht op d'Leeschtunge vun der Versécherung.
Der Fleegeversécherung hiert Haaptzil ass d'Prise en charge vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir fleegebedierfteg Persounen, déi doheem oder an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement liewen, d. h.:
- Sachleeschtungen;
- technesch Hëllefsmëttelen an Adaptatioune vun der Wunneng.
Bei fleegebedierftege Persounen, déi doheem wunnen, kann d'Prise en charge ënner gewëssene Bedéngunge Geldleeschtungen als Ersatz fir Sachleeschtungen ëmfaassen.