Leeschtungen

D'Leeschtunge vun der Fleegeversécherung

D'Fleegeversécherung huet als Zil, op d'mannst en Deel vun de Käschten ze decken, déi duerch d'Fleeg an d'Hëllef vun enger Drëttpersoun bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen entstinn.

Der Fleegeversécherung hiert Haaptzil ass d'Prise en charge vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir fleegebedierfteg Persounen, déi doheem oder an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement liewen, d. h.:

  • Sachleeschtungen;
  • technesch Hëllefsmëttelen an Adaptatioune vun der Wunneng.

Bei fleegebedierftege Persounen, déi doheem wunnen, kann d'Prise en charge ënner gewëssene Bedéngunge Geldleeschtungen als Ersatz fir Sachleeschtungen ëmfaassen.

Besonneschkeete vun der Palliativfleeg

Wann eng Persoun Palliativfleeg brauch, brauch se keng Demande fir „Fleegeversécherung“ anzereechen a sech enger Evaluatioun vun der AEC ze ënnerzéien, mä se muss hiren Dokter froen, datt en dem Contrôle médical de la sécurité sociale eng Deklaratioun, fir Usproch op Palliativfleeg ze hunn, virleet.

Déi medezinesch Akten, déi vun der Krankeversécherung virgesi sinn, sinn duerch d'Virschrëften aus de Statute vun der Gesondheetskeess ofgedeckt. Der Fleegeversécherung hire ganze Leeschtungskatalog ass de Beneficiaire vun der Palliativfleeg zougänglech, mat Ausnam vun den Adaptatioune vun der Wunneng. Déi technesch Hëllefsmëttel, déi kennen zur Verfügung gestallt ginn, sinn an enger spezifescher Lescht an der Annexe 2 vum respektive Règlement grand-ducal, deen en vigueur ass, fixéiert. Bei der Prise en charge vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe gëllt e Forfait vu 780 Minutten.

Persounen, déi schonn eng Geldleeschtung vun der Fleegeversécherung bezéien, behalen hiren Usproch op dës Leeschtung, wa se fir d'Palliativfleeg eligibel sinn.

Méi Informatioune fannt Dir och op der Internetsäit vum Gesondheets a sozial Sécherheets ministère.

Aktualiséiert