Heefeg benotzte Begrëffer an der Fleegeversécherung

Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (Actes essentiels de la vie - AEV)

Dëse grondleeënde Begrëff aus der Fleegeversécherung bezeechent d'Aktivitéite vum alldeegleche Liewen an de follgende 5 Beräicher:

  • Kierperhygiène
  • Toilettegang
  • Ernärung
  • Un- an Ausdoen
  • Mobilitéit

D'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an dëse Beräicher sinn entscheedend, fir eng Persoun als fleegebedierfteg am Sënn vum Gesetz anzestufen. De Bedarf un Hëllef am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe muss op d'mannst  3,5 Stonnen d'Woch erreechen. Dës 3,5 Stonnen d'Woch sinn dat, wat een an der Fleegeversécherung de Mindestbedarf nennt.

Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung (Administration d’évaluation et de contrôle de l’assurance dépendance)

D'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung ass eng Verwaltung vum Ministère fir sozial Sécherheet.

Si ass zoustänneg, fir d'Fleegebedierftegkeet vum Demandeur ze evaluéieren. Si bestëmmt, op wéi eng Leeschtungen eng fleegebedierfteg Persoun Usproch huet.

Zu hiren Aufgabe gehéieren och Informatioun a Berodung souwéi Kontroll vun der Qualitéit vun de Leeschtungen, déi erbruecht goufen.

Fleegepersoun (Aidant)

D'Fleegepersoun ass eng Drëttpersoun, déi Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir eng fleegebedierfteg Persoun ganz oder zum Deel bei där doheem erbréngt, ouni awer zu engem Fleegedéngscht ze gehéieren.

Bei dëser Drëttpersoun kann et sech ëm eng Persoun aus der Famill oder dem Ëmfeld vun der fleegebedierfteger Persoun oder awer eng Persoun mat engem Aarbechtskontrakt oder en Déngschtleeschter, deen net zu engem Fleegedéngscht gehéiert, handelen.

Bei der Evaluatioun decidéiert d'AEC, ob d'Persoun, déi sech un den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bedeelegt, als Fleegepersoun am Sënn vum Gesetz kann ugesi ginn. Den Ament ass et méiglech, en Deel vun der Sachleeschtung an eng Geldleeschtung ëmzewandelen.

D'Fleegeversécherung iwwerhëlt ënner bestëmmte Bedéngungen d'Cotisatiounen un d'Pensiounskeess vun der Fleegepersoun, déi un der Fleeg doheem bedeelegt ass. Méi Informatiounen dozou kritt ee beim Centre Commun de la Sécurité sociale: 40141-1, www.ccss.lu).

Gesondheetskeess (Caisse nationale de santé - CNS)

D'CNS ass d'Verwaltungsorgan vun der Fleegeversécherung.

Den Demandeur muss seng Demande fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung un d'CNS schécken, wouropshin dës de Versécherungsstatus kontrolléiert an iwwerpréift, ob d'Demande komplett ass.

D'CNS ass och déi Instanz, déi d'Decisiounen hëlt (op Avis vun der AEC) a fir d'Ausbezuele vun de Leeschtungen zoustänneg ass. Si mécht d'Budgete vun der Fleegeversécherung a kontrolléiert d'Ausgaben.

Semi-stationären Zentrum (Centre semi-stationnaire)

E semi-stationären Zentrum ass en Zentrum, dee fleegebedierfteg Persounen daagsiwwer ophëlt. Meeschtens schwätzt ee vun engem „Centre de jour“ oder engem „Foyer de jour“.

Fleegebedierfteg Persoune kréie wärend hirem Openthalt do all déi néideg Hëllefs- a Fleegeleeschtungen. Ausserdeem komme si an de Genoss vu Betreiungsaktivitéiten, déi un hire Gesondheetszoustand ugepasst sinn.

Koordinator vun engem Fleegedéngscht (Coordinateur d’un réseau d’aides et de soins)

Fachkraaft vun engem Fleegedéngscht, déi fir d'Organisatioun vun der Aarbecht vum Personal, dat heem fleegen an hëllefe kënnt, zoustänneg ass. Déi fleegebedierfteg Persoun ka sech mat alle Froen zur konkreter Organisatioun vun hirer deeglecher Fleeg u si wenden.

 

Offiziell Decisioun (Décision)

D'Decisioun gëtt vun der CNS op Avis vun der AEC geholl an dem Demandeur vun der Gesondheetskeess (CNS) geschéckt.

Dës Decisioun informéiert den Demandeur, ob en als fleegebedierfteg unerkannt gëtt a vu wéini un en Usproch op d'Leeschtungen huet.

Zesumme mat der Decisioun gëtt d'Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi duerchgeféiert musse ginn, opgestallt. Aus dëser Synthees ginn déi eenzel Leeschtungen, op déi déi fleegebedierfteg Persoun Usproch huet, de wéchentleche Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an d'Pauschalbezuelungen ervir.

Dora gëtt och erkläert, wéi een eng Decisioun ufechte kann, wann een net mat de bewëllegte Leeschtungen averstanen ass.

Bestëmmung vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen (Détermination des aides et soins)

No der Evaluatioun vun der Fleegebedierftegkeet hält de Referent, dee fir den Dossier zoustänneg ass, an enger Synthees d' Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fest, op déi déi fleegebedierfteg Persoun all Woch Usproch huet.

Unhand vun dësem Relevé kann och gepréift ginn, ob déi concernéiert Persoun de Mindestbedarf vun der Fleegeversécherung erreecht huet oder net.

Hëllefs- a Fleegeetablissement (Etablissement d'aides et de soins)

En Etablissement, an deem fleegebedierfteg Persounen daagsiwwer a nuets ënnerbruecht sinn a wou hinnen déi néideg Hëllefs- a Fleegeleeschtungen ugebuede ginn.

Et ginn zwou Zorten Hëllefs- a Fleegeetablissementer:

  • Etablissementer fir de stännegen Openthalt
  • Etablissementer fir den zäitweilegen Openthalt.

 

Etablissement fir de stännegen Openthalt (Etablissement à séjour continu - ESC)

Etablissementer fir de stännegen Openthalt sinn Etablissementer, an deene fleegebedierfteg Persounen dauerhaft wunnen an déi sech virun allem un eeler Persoune riichten. Dat sinn an éischter Linn „Centres intégrés pour personnes âgées – CIPA“, och als „Maisons de retraite“ oder Altersheemer bekannt, an „Maisons de soins“, also Fleegeheemer.

 

Etablissement fir den zäitweilegen Openthalt (Etablissement à séjour intermittent - ESI)

An den Etablissementer fir den zäitweilegen Openthalt  hale sech d'Bewunner ofwiesselend am Etablissement an doheem op. Dës Etablissementer si just fir behënnert Persoune geduecht.

 

Evaluateur (Evaluateur)

E Gesondheetsberuffler (Dokter, Infirmier, Infirmier psychiatrique, Kinesitherapeut, Ergotherapeut, Psycholog) vun der Administratioun fir d’Evaluatioun an d'Kontroll (AEC), deen d'Fleegebedierftegkeet vum Demandeur bei deem doheem, an de Raimlechkeete vun der AEC oder an engem Etablissement evaluéiert. An der Reegel handelt et sech dobäi ëm de Referent, dee fir den Dossier a säi Suivi zoustänneg ass.

Evaluatioun (Evaluation)

D’ Evaluatioun vun der Fleegebedierftegkeet vum Demandeur gëtt vun engem Gesondheetsberuffler (Dokter, Infirmier, Kinesitherapeut, Ergotherapeut, Psycholog) vun der AEC duerchgeféiert. An der Reegel handelt et sech dobäi ëm de Referent, dee fir den Dossier a säi Suivi zoustänneg ass.

Bei der Evaluatioun ënnersicht  de Referent d'Fäegkeete vum Demandeur, fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen duerchzeféieren. Hie befreet den Demandeur a jee nodeem och déi Persoun, déi sech un den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bedeelegt.

D'Evaluatioun ka beim Demandeur doheem, an de Raimlechkeete vun der AEC oder an engem Etablissement duerchgeféiert ginn. De Rendez-vous fir d'Evaluatioun gëtt dem Demandeur per Telefon an/oder per Post matgedeelt.

Pauschalbezuelungen (Forfaits de payement)

D'Sachleeschtungen an d'Geldleeschtunge ginn no engem Pauschalsystem ausbezuelt.

Wann déi fleegebedierfteg Persoun an engem Etablissement lieft, gëtt de Forfait fir d'Sachleeschtungen direkt un dat Etablissement bezuelt.

Wann déi fleegebedierfteg Persoun doheem wunnt an e Fleegedéngscht an Usproch hëlt, gëtt de Forfait fir d'Sachleeschtungen direkt un dee Fleegedéngscht bezuelt. Wann d'Hëllef vun enger vun der AEC unerkannter Fleegepersoun an Usproch geholl gëtt, kritt déi fleegebedierfteg Persoun de Forfait fir d'Geldleeschtungen a leet en un dës Fleegepersoun weider.

Wéchentleche Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen oder „Fleegebedierftegkeetsniveau“ (Niveau de dépendance)

Jee no hirem Bedarf un Hëllef a Fleeg bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV), kritt déi fleegebedierfteg Persoun ee vun deene 15 Niveauen u wéchentlechem Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen zougewisen.

All eenzele vun deene 15 Niveauen entsprécht enger gewëssener Unzuel vu Minutte Betreiung, op déi déi fleegebedierfteg Persoun pro Woch Usproch huet.

Déngschtleeschter (Prestataire)

Fachdéngscht (Fleegedéngscht, semi-stationären Zentrum oder Etablissement), deen e Kontrakt mat der CNS huet an all d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir déi fleegebedierfteg Persoun erbréngt.

Geldleeschtung (Prestation en espèces)

Wann déi fleegebedierfteg Persoun doheem wunnt an Hëllef vun enger vun der AEC unerkannter Fleegepersoun kritt, ass et méiglech, en Deel vun der Sachleeschtung (Hëllef, déi e Fleegedéngscht erbréngt) an eng Geldleeschtung ëmzewandelen.

Nëmmen d'Sachleeschtunge fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen an d'Ënnerstëtzung beim Haushalt kënnen duerch Geldleeschtungen ersat ginn.

Et ginn 10 verschidde Forfaite bei de Geldleeschtungen, jee no Ausmooss vun der Betreiung, déi d’Fleegepersoun iwwerhëlt. Dëse Forfait gëtt un déi fleegebedierfteg Persoun ausbezuelt, déi domat déi Fleegepersoun bezilt, déi bei hir Hëllefs- a Fleegeleeschtungen erbréngt.

Den Usproch op d'Geldleeschtunge besteet vum Datum vun der Notifikatioun vun der offizieller Decisioun un, wann den Demandeur als fleegebedierfteg an déi Privatpersoun, déi d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen erbréngt, als Fleegepersoun unerkannt gëtt.

Sachleeschtung (Prestation en nature)

Wann am Kader vun der Fleegeversécherung vun enger Hëllefsleeschtung, déi vun engem Fachdéngscht (Fleegedéngscht, semi-stationären Zentrum oder Etablissement) erbruecht gëtt, rieds ass, schwätzt ee vu Sachleeschtungen.

Et gi 16 verschidde Forfaiten, jee no Ausmooss vun deenen néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen. Dëse Forfait gëtt vun der CNS direkt un d'Déngschtleeschter bezuelt. Falls relevant, ginn d'Käschte fir déi Aktivitéiten, déi zousätzlech bewëllegt ginn, och direkt un den Déngschtleeschter bezuelt.

Den Usproch op d'Sachleeschtung besteet vum Datum vun der Demande un, wann den Demandeur als fleegebedierfteg unerkannt gëtt.

Referent (Référent)

Gesondheetsberuffler oder Dokter vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC), dee fir den Dossier vun enger fleegebedierfteger Persoun zoustänneg ass.

Oft ass dat déi selwecht Persoun, déi och d'Fleegebedierftegkeet evaluéiert. Wann déi fleegebedierfteg Persoun eng Fro zu hirem Dossier huet, ka si sech direkt un de Referent wenden. Den Numm an d'Coordonnéeë vum Referent gi bei der Evaluatioun op enger Fiche de visite matgedeelt.

Opdeelung vun de Leeschtungen (Répartition des prestations)

Wann d'Fleeg doheem weider erhale gëtt, schwätzt ee vun enger Opdeelung vun de Leeschtungen, falls e Fleegedéngscht an eng Fleegepersoun Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei der fleegebedierfteger Persoun erbréngen. D'Opdeelung vun den néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen tëschent dem Fleegedéngscht an der Fleegepersoun gëtt bei der Evaluatioun vum Referent vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) virgeholl.

Unhand vun dëser Opdeelung kënnen d'Forfaiten, déi musse bezuelt ginn, festgesat ginn:

  • de Forfait fir d'Sachleeschtungen, deen un de Fleegedéngscht bezuelt gëtt
  • de Forfait fir d'Geldleeschtungen, deen un déi fleegebedierfteg Persoun ausbezuelt gëtt, fir d'Fleegepersoun ze bezuelen.
Fleegedéngscht (Réseau d’aides et de soins - RAS)

Fleegedéngschter si Fachdéngschter, déi e Kontrakt mat der CNS  hunn an Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir eng fleegebedierfteg Persoun bei där doheem erbréngen.

Mindestbedarf (Seuil d'entrée ou seuil)

Begrëff, deen an der Fleegeversécherung fir de Minimum un Hëllefs- a Fleegeleeschtunge benotzt gëtt, deen ee muss opweisen, fir vun de Leeschtunge vun der Fleegeversécherung ze profitéieren. Dëse Mindestbedarf läit bei 3,5 Stonne pro Woch fir d'Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (Actes essentiels de la vie - AEV).

Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen (Synthèse de prise en charge)

D'Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge gëtt ëmmer zesumme mat der offizieller Decisioun iwwer d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge vun der Fleegeversécherung opgestallt.

Si liwwert Informatiounen iwwer:

  • déi verschidde Leeschtungen, op déi eng fleegebedierfteg Persoun Usproch huet;
  • de wéchentleche Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen;
  • déi detailléiert Beschreiwunge vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi mussen erbruecht ginn;
  • d'Donnéeë vun der Fleegepersoun, d'Opdeelung vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen tëschent der Fleegepersoun an dem Fleegedéngscht (wann dat de Fall ass);
  • d'Pauschalbezuelungen;
  • déi technesch Hëllefsmëttelen oder d'Adaptatioune vun der Wunneng, déi opgrond vun der Evaluatioun musse bewëllegt ginn.

Dës Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge gëtt der fleegebedierfteger Persoun an dem Déngschtleeschter (wann et esou ee gëtt) matgedee

 

Aktualiséiert