Leeschtunge fir d’Fleeg doheem

Ee vun der Fleegeversécherung hire Grondsätz ass et, dass d’Leit weiderhi kënnen doheem wunne bleiwen, amplaz an en Hëllefs- a Fleegeetablissement ze goen.

Dëse Prinzip ergëtt sech aus der Beméiung, et all Persoun ze erméiglechen, esou laang ewéi méiglech a gudde Bedéngungen doheem ze liewen. Fir dëst Zil ze erreechen, iwwerhëlt d'Fleegeversécherung folgend Leeschtungen:

  • Sachleeschtungen;
  • Geldleeschtungen;
  • de Forfait fir d'Inkontinenzmaterial;
  • technesch Hëllefsmëttelen;
  • Adaptatioune vun der Wunneng;
  • der Fleegepersoun hir Bäiträg un d'Renteversécherung.

 

Hei ënne fannt Dir zousätzlech Informatiounen iwwert den Demandeur, deen doheem wunnt:

Aktualiséiert