Geldleeschtungen

Wann déi fleegebedierfteg Persoun doheem wunnt, gesäit d'Gesetz vir, datt eng Persoun, déi sech regelméisseg an op d'mannst ee Mol d'Woch un den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bedeelegt, ënner gewëssene Konditiounen als Fleegepersoun unerkannt ka ginn.

Bei dëser Fleegepersoun kann et sech ëm eng Persoun handelen, déi der fleegebedierfteger Persoun no steet, oder soss eng Privatpersoun, déi vun der fleegebedierfteger Persoun agestallt gouf. Fir datt d'Sachleeschtungen (Leeschtungen, déi vum Fleegedéngscht erbruecht ginn) duerch Geldleeschtunge kënnen ersat ginn, muss d’Fleegepersoun vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll identifizéiert an evaluéiert ginn.

Nëmmen d'Sachleeschtunge fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen an d'Ënnerstëtzung beim Haushalt kënnen duerch Geldleeschtungen ersat ginn. Et ginn 10 verschidde Forfaite bei de Geldleeschtungen, jee no Ausmooss vun der Betreiung, déi d’Fleegepersoun iwwerhëlt:

Art. 354.
Opgrond vun der Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi mussen duerchgeféiert ginn, déi d'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll vun der Fleegeversécherung entspriechend dem Artikel 350 Paragraf 8 opgestallt huet, kënnen d'Sachleeschtunge fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen a fir d'Ënnerstëtzung beim Haushalt, déi d’Fleegepersoun entspriechend dem Artikel 350 Paragraf 7 erbréngt, duerch eng Geldleeschtung, déi engem vun de folgende Forfaiten entsprécht, ersat ginn:

Forfait 1 vun engem Betrag vun 12,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun op d'mannst 61 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 2 vun engem Betrag vu 37,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 61 an 120 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 3 vun engem Betrag vun 62,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 121 an 180 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 4 vun engem Betrag vu 87,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 181 an 240 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 5 vun engem Betrag vun 112,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 241 an 300 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 6 vun engem Betrag vun 137,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 301 an 360 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 7 vun engem Betrag vun 162,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 361 a 420 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 8 vun engem Betrag vun 187,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 421 a 480 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 9 vun engem Betrag vun 212,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun tëschent 481 a 540 Minutten d'Woch iwwerhëlt
Forfait 10 vun engem Betrag vun 262,50 Euro d'Woch, wann d’Fleegepersoun 541 Minutten oder méi d'Woch iwwerhëlt

 

Dësen Ersatz fält ewech, wann d’Fleegepersoun d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen entspriechend der Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi mussen duerchgeféiert ginn, net méi erbrénge kann, an dëst vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll vun der Fleegeversécherung esou festgestallt gouf.

D'Geldleeschtung geet un déi fleegebedierfteg Persoun a soll als Remuneratioun fir d'Persoun déngen, déi d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge baussent engem professionelle Reseau erbréngt.

 

Verschidde Gruppe vu Persoune kënnen ënner anere Bedéngungen d'Fleegeversécherung an Usproch huelen an hunn eng pauschal Geldleeschtung zegutt:

Prise en charge vun der Fleegepersoun hire Bäiträg un d'Renteversécherung (bei der Fleeg doheem)

Op Deklaratioun vun der fleegebedierfteger Persoun kann d'Fleegeversécherung ënner gewëssene Bedéngungen der Fleegepersoun hir Bäiträg un d'Renteversécherung (Undeel vum Employeur an Undeel vun der versécherter Persoun) iwwerhuelen. D'Bäiträg ginn op Basis vum soziale Mindestloun fir en onqualifizéierten Aarbechter berechent.

Méi Informatioune beim Centre commun de la Sécurité sociale (CCSS), Tel.(+352) 40 141-1, ccss@secu.lu, www.ccss.lu.

Aktualiséiert