Leeschtungen fir d’Fleeg an engem Etablissement

Wann déi fleegebedierfteg Persoun an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement lieft, iwwerhëlt d'Fleegeversécherung folgend Leeschtungen:

  • Sachleeschtungen;
  • technesch Hëllefsmëttelen.

Well d'Leeschtungen exklusiv vun Déngschtleeschter erbruecht ginn, kënne Sachleeschtungen net duerch Geldleeschtungen ersat ginn:

Sachleeschtungen

Bei de Sachleeschtungen, déi am Kader vun engem stationären Openthalt bewëllegt ginn, handelt et sech ëm d'Hëllefs- oder Fleegeleeschtungen, déi déi fleegebedierfteg Persoun vum Hëllefs- a Fleegeetablissement hiren Déngschtleeschter kritt.

Déi fleegebedierfteg Persoun kann Usproch hunn op:

  • Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen;
  • Betreiungsaktivitéiten an engem Etablissement.

D'Käschte fir d'Inkontinenzmaterial gi bei der Berechnung vum Geldwäert berücksichtegt, dee fir d'Etablissementer ugewannt gëtt.

Technesch Hëllefsmëttelen

D'Bewëllegung vun techneschen Hëllefsmëttelen hänkt vum Openthaltsuert vum Beneficiaire of. Technesch Hëllefsmëttele kënne bei Persounen, déi an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement oder engem Etablissement fir betreit Wunne liewen, iwwerholl ginn. Dës Prise en charge ass allerdéngs méi restriktiv (cf. Lëscht vun den techneschen Hëllefsmëttelen, déi d'Fleegeversécherung iwwerhëlt, am Unhang zum geännerte groussherzogleche Reglement vum 24. Januar 2024). Hëllefs- a Fleegeetablissementer an Etablissementer fir betreit Wunne mussen nämlech iwwert eng Rei technesch Hëllefsmëttele verfügen, esou wéi d'Agrementen dat virgesinn, déi vun der Gesetzgebung gefuerdert sinn, déi d'Bezéiungen tëschent dem Staat an den Organisatioune reguléiert, déi am sozialen, familiären an therapeutesche Beräich aktiv sinn.

Aktualiséiert