Sachleeschtungen

Sachleeschtungen, déi doheem oder an engem Etablissement erbruecht ginn

Wann am Kader vun der Fleegeversécherung vun enger Hëllefsleeschtung, déi vun engem professionellen Déngschtleeschter (Etablissement, Fleegedéngscht oder semi-stationären Zenter) rieds ass, schwätzt ee vun Sachleeschtungen.

Déi fleegebedierfteg Persoun wunnt doheem

Wann ausschliisslech e Fleegedéngscht Leeschtungen erbréngt, bezilt d'Gesondheetskeess (CNS) de Forfait fir d'Sachleeschtungen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen direkt un de Fleegedéngscht. Bei Bedarf ginn d'Käschte fir déi zousätzlech bewëllegt Aktivitéiten och direkt un de Fleegedéngscht bezuelt.

Wann e Fleegedéngscht an eng Fleegepersoun Leeschtungen erbréngen, gëtt d'Opdeelung vun den néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen - d. h. d'Opdeelung vun de Leeschtungen, déi de Fleegedéngscht erbréngt, a vun de Leeschtungen, déi d’Fleegepersoun erbréngt - an der Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi mussen duerchgeféiert ginn, festgehal. Entspriechend der Opdeelung, déi festgehal ginn ass, bezilt d'Gesondheetskeess déi jeeweileg Forfaite vun de Sach- a Geldleeschtunge wat d'Sachleeschtungen ubelaangt direkt un de Fleegedéngscht a wat d'Geldleeschtungen ugeet direkt un déi fleegebedierfteg Persoun.

Déi fleegebedierfteg Persoun lieft an engem Etablissement fir Senioren oder fir behënnert Persounen

D'Fleegeversécherung iwwerhëlt d'Käschte fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi déi fleegebedierfteg Persoun an de Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe brauch: D'Gesondheetskeess bezilt de Forfait fir d'Sachleeschtungen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen direkt un d'Etablissementer. Et gi 15 verschidde Forfaiten, jee no Ausmooss vun deenen néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen. Falls relevant ginn d'Käschte fir déi verschidde bewëllegt Aktivitéiten och direkt un d’Etablissement bezuelt.

D'Pensiounskäschten  (zu deenen de Loyer vum Zëmmer an d'Käschte fir d'Iessen an d'Betreiung gehéieren), deenen hire Montant vun engem Etablissement op déi aner ënnerschiddlech ausfale kann, ginn allerdéngs ëmmer zu Laaschte vun der Persoun, déi am Etablissement lieft, ob se fleegebedierfteg ass oder net.

Déi verschidden Hëllefsleeschtungen, déi am Kader vun der Fleegeversécherung virgesi sinn

Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (bei der Fleeg doheem an an engem Etablissement)

Et handelt sech ëm Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de folgende Beräicher:

  • Hygiène: Hëllef bei der Kierper- a Mondhygiène, beim Raséieren an der Epilatioun vum Gesiicht oder bei der Menstruatiounshygiène;
  • Toilettegang: Hëllef beim Toilettegang a beim Wiessele vun enger Stomatäsch oder dem Eidelmaache vun enger Urintäsch;
  • Ernärung: Hëllef beim Iessen an Drénken oder bei der enteraler Ernärung;
  • Un- an Ausdoen: Hëllef beim Un- an Ausdoen oder beim Installéieren an Ausdoe vu Korrektur- a Kompensatiounsmëttelen;
  • Mobilitéit: Hëllef bei den Transferten an d'Deplacementer, Hëllef fir an d'Wunneng eranzegoen a se ze verloossen oder fir vun engem Stack op deen aneren ze goen.

Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen (bei der Fleeg doheem an an engem Etablissement)

Et handelt sech ëm speziell individuell Aktivitéiten a Gruppenaktivitéiten, doheem oder an engem Etablissement.

D'Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen, bestinn doran, der fleegebedierfteger Persoun déi néideg Fäegkeete bäizebréngen, fir datt se d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen duerchféiere kann, d. h.:

  • doduerch, datt verhënnert gëtt, datt déi motoresch, kognitiv a psychesch Fäegkeeten ofhuelen;
  • doduerch, datt déi motoresch, kognitiv a psychesch Fäegkeeten ënnerhal ginn;
  • doduerch, datt déi motoresch, kognitiv a psychesch Fäegkeete verbessert ginn.

Dës Aktivitéiten, déi individuell oder am Grupp ugebuede ginn, ginn am géigesäitegen Averständnis tëscht dem Beneficiaire an dem Déngschtleeschter ënner Berücksichtegung vun der fleegebedierfteger Persoun hirem Zoustand an hire spezifesche Besoine geplangt a strukturéiert.

Dës Aktivitéite ginn a Form vun engem Forfait vu 5 St./Woch fir individuell Aktivitéiten oder 20 St./Woch fir Gruppenaktivitéite bewëllegt. D'Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen, kënne mat den Aktivitéite fir d'Fleeg doheem oder mat de Betreiungsaktivitéiten an engem Etablissement an de festgeluechte Limitte kumuléiert ginn.

Aktivitéite fir d'Fleeg doheem weider ze erhalen

INDIVIDUELL GARDEN (AMD-GI)

Déi individuell Garde huet als Zil, enger fleegebedierfteger Persoun, déi eng permanent Opsiicht a Betreiung brauch, hir kierperlech a psychesch Integritéit ze garantéieren. Se soll och dozou déngen, d’Fleegepersoun ze entlaaschten.

Dës individuell Garde besteet aus enger kuerzzäiteger Opsiicht a Betreiung vun der fleegebedierfteger Persoun doheem wärend dem Dag, wann hir Fleegepersoun net do ass.

Déi individuell Garde enthält bei Bedarf Beschäftegungsaktivitéiten, wann der fleegebedierfteger Persoun hiren Allgemengzoustand et zouléisst.

Eng individuell Garde gëtt a Form vun engem Forfait vu 7 St./Woch bewëllegt. Bei enger bewisener Iwwerlaaschtung vun der Fleegepersoun ass et méiglech, datt en erhéichte Forfait vu 14 St./Woch bewëllegt gëtt.

GARDEN AM GRUPP (AMD-GG)

D'Garde am Grupp huet als Zil, enger fleegebedierfteger Persoun, déi eng laangfristeg Betreiung brauch, hir kierperlech a psychesch Integritéit ze garantéieren. Se kann och dozou déngen, d’Fleegepersoun ze entlaaschten.

Dës Garde besteet aus der Betreiung vun enger fleegebedierfteger Persoun, déi net wärend engem längeren Zäitraum eleng bleiwe kann, baussent hirem Liewensëmfeld a wärend dem Dag.

D'Garde am Grupp enthält bei Bedarf Beschäftegungsaktivitéiten, wann der fleegebedierfteger Persoun hiren Allgemengzoustand et zouléisst.

D'Garden am Grupp kënnen duerch individuell Garden oder d'Begleedung bei Aktivitéite baussent dem Liewensëmfeld an de festgeluechte Limitten ersat ginn.

D'Garden am Grupp ginn a Form vun engem Forfait vu 40 St./Woch bewëllegt. Fir Persounen, déi eng spezifesch a personaliséiert Betreiung an eng intensiv Opsiicht brauchen, gëtt et en erhéichte Forfait vu 56 St./Woch fir d'Garden am Grupp.

NUETSWAACH

D'Nuetswaach besteet aus enger Opsiicht vun enger fleegebedierfteger Persoun, déi an hirem Doheem a wärend der Nuecht d'Präsenz vun enger Drëttpersoun ronderëm d'Auer brauch.

Duerch dës Nuetswaach kann d’Fleegepersoun am Fall vun enger zäitweileger Absence wärend hire Rouzäiten, engem Openthalt am Spidol oder enger permanenter Indisponibilitéit ersat ginn.

Et handelt sech ëm e Joresforfait vun 10 Nuechten.

FORMATIOUN VUN DER FLEEGEPERSOUN

D'Formatioun vun der Fleegepersoun huet als Zil, d’Fleegepersoun duerch d'Vermëttelung vun den néidegen Techniken a Kenntnisser ze beroden an ze forméieren, fir datt se d'Fleegeleeschtunge fir déi fleegebedierfteg Persoun erbréngen an d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewe duerchféiere kann.

D'Formatioun vun der Fleegepersoun, déi individuell oder am Grupp erfollegt, gëtt ënner der Berücksichtigung vun der Fleegepersoun hire spezifesche Besoine geplangt a strukturéiert.

D'Formatioun vun der Fleegepersoun gëtt a Form vun engem Joresforfait vu 6 Stonne bewëllegt.

FORMATIOUN FIR D'BENOTZE VUN TECHNESCHEN HËLLEFSMËTTELEN

Bei der Formatioun fir d'Benotze vun techneschen Hëllefsmëttelen handelt et sech ëm d'Berodung an d'Ausbildung vun der fleegebedierfteger Persoun oder hirer Fleegepersoun fir d'Benotze vun techneschen Hëllefsmëttelen, déi d'Fleegeversécherung zur Verfügung stellt, duerch d'Vermëttelung vun den néidegen Techniken a Kenntnisser.

D'Formatioun erfollegt individuell a kann net mat den Informatiounen, déi déi zoustänneg Firma bei der Liwwerung an Installatioun vun engem techneschen Hëllefsmëttel gëtt, gläichgestallt ginn.

D'Formatioun fir d'Benotze vun den techneschen Hëllefsmëttele gëtt a Form vun engem Joresforfait vun 2 Stonne bewëllegt.

ËNNERTSTËTZUNG BEIM HAUSHALT

Et handelt sech ëm e Forfait vun 3 St./Woch, deen all fleegebedierfteg Persoun, déi doheem wunnt, bewëllegt kritt.

Mat dësem Forfait sollen der fleegebedierfteger Persoun hir Wunnraim (Buedzëmmer, Toiletten, Kichen, Schlofzëmmer, Stuff, Salle à manger) propper gehal an hir Grondversuergung séchergestallt ginn, d. h.:

  • Botzen a Raume vun de Wunnraim;
  • Spullen a Botze vun de Kichenequipementer;
  • Iwwerpréiwen, ob d'Liewensmëttel iessbar sinn;
  • Akafe vu Liewensmëttelen an anere liewensnoutwennege Produite fir déi fleegebedierfteg Persoun;
  • d’Better maachen;
  • Wäschen a Strecke vun der Wäsch.

Betreiungsaktivitéiten an engem Etablissement

D'Betreiungsaktivitéiten an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement bestinn aus enger Betreiung vun enger fleegebedierfteger Persoun wärend dem Dag.

Dës Aktivitéiten hunn als Zil, enger fleegebedierfteger Persoun, déi net iwwert e längeren Zäitraum eleng bleiwe kann, hir Sécherheet ze garantéieren oder hir sozial Isolatioun ze vermeiden. Si droen dozou bäi, der fleegebedierfteger Persoun hiren Dagesoflaf ze strukturéieren an erlaben et hir, u  Beschäftegungsaktivitéiten a sozialen Aktivitéiten deelzehuelen. Dës Aktivitéite ginn am Grupp proposéiert.

Fir Persounen, déi eng spezifesch a personaliséiert Betreiung an eng intensiv Opsiicht brauchen, gëtt et en erhéichte Forfait fir d'Betreiungsaktivitéiten an engem Etablissement.

Et handelt sech ëm en einfache Forfait vu 4 St./Woch, deen all fleegebedierfteg Persoun, déi an engem Etablissement lieft, bewëllegt kritt. Den erhéichte Forfait beleeft sech op 10 St./Woch. An der Praxis stellen dës Stonneforfaiten e Geldbudget a keng tatsächlech Betreiungsstonnen, déi individuell beim Beneficiaire geleescht gi sinn, duer. Dëse Budget gëtt den Etablissementer attribuéiert, fir datt se d'Betreiung vun de fleegebedierftege Persoune kënnen decken a sécherstellen.

Dës Aktivitéite kënne mat den Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen, an de festgeluechte Limitte kumuléiert ginn.

Forfait fir d'Inkontinenzmaterial (bei der Fleeg doheem)

De Forfait fir d’Inkontinenzmaterial huet als Zil, d'Käschte fir de Kaf vun Inkontinenzmaterial fir fleegebedierfteg Persounen, déi doheem wunnen, matzedroen. Ënner Inkontinenzmaterial versteet een d'Wëndelen, déi Persoune brauchen, déi eng Harn- oder Stullinkontinenz hunn. De Forfait fir d'Inkontinenzmaterial gëtt all Mount bezuelt. Dëse Betrag ass indexgebonnen.

Bei Persounen, déi an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement oder an engem Etablissement fir den zäitweilegen Openthalt liewen an Inkontinenzmaterial brauchen, sinn d'Käschten duerch de Geldwäert ofgedeckt, deen d'Fleegeversécherung un d'Etablissementer bezilt.

 

Aktualiséiert