D'Fleegeversécherung ka sech un de Käschte vun enger Adaptatioun vun der Wunneng bedeelegen, „fir et der fleegebedierfteger Persoun ze erlaben, hir Liewensautonomie an de Beräicher vun der Kierperhygiène, dem Kachen an der Mobilitéit bannent a baussent der Wunneng ze behalen oder ze verstäerken“.
D'Adaptatioune vun der Wunneng ginn op Avis vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung iwwerholl. De Montant vun de Käschten, déi iwwerholl ginn, däerf net méi héich ewéi 28.000 Euro sinn. Wéi bei den techneschen Hëllefsmëttele kann d'Fleegeversécherung d'Käschte vun enger Adaptatioun vun der Wunneng fir Persounen iwwerhuelen, déi net de Mindestbedarf vun 3,5 Stonne bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen erreechen, mä opgrond vun enger Krankheet oder enger Beanträchtegung, déi méi laang ewéi sechs Méint undauert, regelméisseg an an engem grousse Mooss op Hëllef an den uewegenannte Beräicher ugewise sinn.
Hei ënne fannt Dir zousätzlech Informatiounen iwwer d'Adaptatioune vun der Wunneng: