Praktesche Guide

Wat ass d'Zil vun der Fleegeversécherung?

D'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi eng Persoun brauch, wa si hir alldeeglech perséinlech Fleeg op laang Siicht net méi selwer ka garantéieren, sinn immens deier.

Dës héich Käschte kënne quasi net vun enger Persoun eleng oder awer vun hirer Famill gedroe ginn. Ausserdeem ka jiddwereen an egal wéi engem Alter fleegebedierfteg ginn. Aus dëse Grënn ass et gerechtfertegt, dass dës Käschte vun der Allgemengheet iwwerholl ginn.

 

D'Fleegeversécherung ass genee wéi d'Krankeversécherung en Deel vun der Sozialversécherung.

Wann eng verséchert Persoun fleegebedierfteg gëtt, huet se d'Recht op d'Leeschtunge vun der Versécherung, onofhängeg vun hire finanzielle Mëttelen an hirem Alter. Hir matverséchert Familljememberen hunn dee selwechten Usproch, wa si fleegebedierfteg ginn.

 

D'Fleegeversécherung ass eng Branche vun der Flichtversécherung.

All Versécherte vun der CNS (Gesondheetskeess), egal ob en nach schafft oder d'Pensioun huet, bezuelt e Flichtbäitrag vun 1,4 % vu sengem Akommes (Salaire, Rent, Pensioun, Verméigenserträg).

Dëse Bäitrag gëtt duerch eng Participatioun vum Staat (40% vun de Gesamtausgaben) an duerch e Bäitrag vum Stroumsecteur ergänzt.

 

D'Fleegeversécherung ergänzt a verbessert d'sozial Sécherheet.

D’Krankeversécherung deckt déi mat enger Krankheet verbonne Käschten of: Behandlung duerch en Dokter, Krankefleeg, Medikamenter.

D’Fleegeversécherung iwwerhëlt aner Hëllefs- a Fleegeleeschtunge wéi déi, déi vun der Krankeversécherung ofgedeckt sinn.

D'Fleegeversécherung huet als Zil, op d'mannst en Deel vun de Käschten ze decken, déi duerch d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen entstinn.

D'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe betreffen déi follgend 5 Beräicher:

  • Kierperhygiène
  • Toilettegang
  • Ernärung
  • Un- an Ausdoen
  • Mobilitéit

 

Bei fleegebedierftege Persounen, déi doheem bleiwen, bezilt d'Fleegeversécherung d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi vun engem Fleegedéngscht oder an engem semi-stationären Zentrum erbruecht ginn. D'Fleegeversécherung erkennt ënner bestëmmte Bedéngungen och d'Hëllefsleeschtungen un, déi vun enger Fleegepersoun (eng Persoun, déi der fleegebedierfteger Persoun no steet, eng Privatpersoun oder en Déngschtleeschter, deen net zu engem Fleegedéngscht gehéiert) erbruecht ginn.

Bei fleegebedierftege Persounen, déi an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement liewen, bezilt d'Fleegeversécherung d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi vun den Déngschtleeschter vun dësem Etablissement erbruecht ginn.

D'Fleegeversécherung gräift ënner gewëssene Bedéngungen och an, wann eng fleegebedierfteg Persoun technesch Hëllefsmëttelen oder eng Adaptatioun vun der Wunneng oder vum Auto brauch

Wéi eng Besoinen un Hëllef gi vun der Fleegeversécherung ofgedeckt?

Et gi verschidden Zorte vun Hëllef, déi d'Fleegeversécherung mat hire Leeschtungen ofdecke kann a fir déi Dir eng Demande maache kënnt.

Bedarf un Hëllef a Fleeg bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (actes essentiels de la vie - AEV)

Dir braucht reegelméisseg vill friem Hëllef (vun enger Persoun, déi Iech no steet, enger Privatpersoun oder engem Déngschtleeschter) bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen.

Bei dësen Aktivitéite vum alldeegleche Liewen handelt et sech ëm d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de follgende fënnef Beräicher:

  • Kierperhygiène

Hëllef bei der Kierper- a Mondhygiène, beim Raséieren an der Epilatioun vum Gesiicht oder bei der Menstruatiounshygiène

  • Toilettegang

Hëllef beim Toilettegang a beim Wiessele vun enger Stomatäsch oder dem Eidelmaache vun enger Urintäsch

  • Ernärung

Hëllef beim Iessen an Drénken oder bei der enteraler Ernärung

  • Un- an Ausdoen

Hëllef beim Un- an Ausdoen oder beim Installéieren an Ausdoe vu Korrektur- a Kompensatiounsmëttelen

  • Mobilitéit

Hëllef bei den Transferten an den Deplacementer an der Wunneng, Hëllef fir an d'Wunneng eranzegoen a se ze verloossen oder fir vun engem Stack op deen aneren ze goen

D'Fleegeversécherung gräift net, wann Dir nëmme fir den Haushalt oder d'Kachen op Hëllef ugewise sidd.

 

Den Hëllefsbedarf muss d'Konsequenz vun enger Krankheet oder enger kierperlecher oder geeschteger Behënnerung oder enger psychescher Erkrankung sinn.

Dës Hëllef kann an engem oder a verschiddene Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen néideg sinn.

Si ka jee no Ärem Gesondheetszoustand och verschidde Formen unhuelen:

D’Aktivitéite vum alldeegleche Liewe ginn deelweis oder ganz fir Iech duerchgeféiert

Beispiller:

  • D'Beweegungsfräiheet vun enger fleegebedierfteger Persoun ass, wat d'Benotze vun hiren Äerm oder Been ugeet, ageschränkt. Dofir brauch si z. B. Hëllef, fir verschidde Plaze vun hirem Kierper ze wäschen.
  • D'Beweegungsfräiheet vun enger fleegebedierfteger Persoun ass, wat d'Benotze vun hiren Hänn ugeet, ageschränkt. Dofir brauch si z. B. Hëllef, fir Liewensmëttel ze schneiden.

Dir musst beim Ausféiere vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen iwwerwaacht oder ënnerstëtzt ginn

Beispiller:

  • Eng fleegebedierfteg Persoun huet Problemer mam Verhalt. Et ka sinn, datt si net méi drun denkt, sech reegelméisseg ze wäschen, an net méi weess, wéi dat geet. Dofir brauch si z. B. Hëllef, fir si drun ze erënneren, sech zu wäschen, an hir déi eenzel Schrëtt dobäi ze erklären.
  • Eng fleegebedierfteg Persoun huet geeschteg Problemer. Et ka sinn, datt si beim Un- an Ausdoe muss ënnerstëtzt an iwwerwaacht ginn. Dofir brauch si z. B. Hëllef, fir hir Kleeder erauszesichen a se an der richteger Reiefolleg a richteg unzedoen.

Dëse Bedarf un Hëllef bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe muss héich a reegelméisseg sinn:

Et muss sech op d'mannst ëm 3,5 Stonnen d'Woch handelen. Dës 3,5 Stonnen d'Woch sinn dat, wat een an der Fleegeversécherung de Mindestbedarf nennt. Wann et manner wéi 3,5 Stonnen d'Woch sinn, gräift d'Fleegeversécherung net. D'Héicht vun der Hëllef, déi néideg ass, gëtt beim Rendez-vous bei Iech doheem oder am Etablissement evaluéiert.

D'Fleegeversécherung gräift net, wann Dir nëmmen onreegelméisseg op Hëllef ugewise sidd.

 

Den Hëllefsbedarf muss op d'mannst sechs Méint laang undaueren oder irreversibel sinn:

Bei der Fleegeversécherung geet et ëm déi permanent, definitiv oder irreversibel Fleegebedierftegkeet.

D'Fleegeversécherung gräift net, wann Dir nëmme fir eng kuerz Zäit op Hëllef ugewise sidd.

 

Beispill:

  • Dir briecht Iech den Aarm a kritt fir e puer Wochen e Gips. Dir braucht fir déi puer Wochen Hëllef bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen. Wann et sech ëm manner wéi sechs Méint handelt, gräift d'Fleegeversécherung net.
Bedarf un techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger Adaptatioun vum Auto

Eng Demande bei der Fleegeversécherung kann och agereecht ginn, wann eng Persoun op technesch Hëllefsmëttelen oder eng Adaptatioun vun der Wunneng oder vum Auto ugewisen ass, onofhängeg vum Bedarf un Ënnerstëtzung bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen.

Leeschtungen am Zesummenhang mat bestëmmte Krankheetsbiller

Dräi Kategorië vu Persoune kënnen ënner anere Bedéngungen an ouni spezielle Bedarf un Hëllef bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen eng Geldleeschtung vun der Fleegeversécherung an Usproch huelen:

  • Persounen, déi net méi gutt gesinn oder blann sinn
  • Persounen, déi well se net méi gutt héieren oder daf sinn, wéinst enger Dysarthrie, enger Aphasie oder enger Laryngektomie Schwieregkeeten hunn, ze kommunizéieren
  • Persoune mat enger symptomatescher Form vu Spina bifida

De concernéierten Demandeur muss sech am Prinzip vun engem externen Expert ënnersiche loossen, fir ze préiwen, ob en d'Krittären erfëllt, fir eng Geldleeschtung vun der Fleegeversécherung ze kréien. Wann dat de Fall ass, huet hien Usproch op eng pauschal Geldleeschtung (sou genannt „dispositions particulières“).

Fleegebedierftegkeet vu Kanner bis den Alter vun 8 Joer

Wann ee vu Fleegeversécherung schwätzt, denkt een an éischter Linn un Erwuessener oder eeler Persounen. D’Fleegeversécherung deckt awer d'Fleegebedierftegkeet an all Alter of. D'Definitioun vun der Fleegebedierftegkeet an och d'Bedéngungen, fir Usproch op d'Leeschtungen am Kader vun der Fleegeversécherung ze hunn, sinn déi selwecht, onofhängeg vum Alter.

Well all déi jonk Kanner bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen op d'Hëllef vun hiren Elteren ugewise sinn, ermëttelt d'AEC den  zousätzleche Bedarf un Ënnerstëtzung, deen dës Kanner opgrond vun hirer Krankheet oder Beanträchtegung hunn.

Wéi gëtt d'Demande fir Leeschtunge bei der Fleegeversécherung agereecht?
Wou kritt een de Formulaire fir d'Demande bei der Fleegeversécherung?

Wann Dir der Meenung sidd, Dir hätt Usproch op d'Fleegeversécherung, musst Dir eng Demande bei der Gesondheetskeess (CNS) areechen.

 

De Formulaire fir d'Demande fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung kritt een iwwer verschidde Weeër:

  •  Bei der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung

Helpline Sekretariat vun der AEC

Tel.: (+352) 247-86060

Fax: (+352) 247-86061

secretariat@ad.etat.lu

Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

  • Als Download op der Internetsäit vun der AEC

www.assurance-dependance.lu

  • Bei der Gesondheetskeess (CNS)

CNS - Departement „Fleegeversécherung“

Tel.: (+352) 2757 - 4605 /4607

Fax: (+352) 2757 - 4619

cns@secu.lu

Méindes bis Freides vun 8:00 bis 16:30 Auer

De Formulaire gëtt et op Franséisch an op Däitsch. An engems kritt een eng Informatiounsfiche iwwer d'Fleegeversécherung.

Wouhi muss de Formulaire fir d'Demande geschéckt ginn?

D'Demande fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung muss u follgend Adress geschéckt ginn:

Caisse nationale de santé (CNS) - Assurance dépendance

B.P. 1023

L-1010 Luxembourg

 

 

Wéi muss de Formulaire fir d'Demande ausgefëllt ginn?

D'Demande fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung besteet aus zwee Deeler:

1.       dem Formulaire, deen Dir selwer ausfëlle musst

2.       dem medezinesche Rapport (R20) , deen Äre behandelnden Dokter ausfëlle muss

De Formulaire fir d'Demande muss vum Demandeur oder sengem gesetzleche Vertrieder ënnerschriwwe ginn.

 

Am medezinesche Rapport liwwert de behandelnden Dokter der Fleegeversécherung Informatiounen iwwer Äre Gesondheetszoustand. D'Roll vum behandelnden Dokter ass zwar immens wichteg, mee et ass net hien, deen entscheet, ob Dir fleegebedierfteg sidd.

Är Demande fir Leeschtunge bei der Fleegeversécherung ass eréischt da komplett, wann déi zwee Deeler bei der Gesondheetskeess (CNS) ukomm sinn.

 

Wann Dir als fleegebedierfteg unerkannt gitt, kritt Dir d'Sachleeschtungen (Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi vun engem Hëllefs- a Fleegedéngscht erbruecht ginn) vum Datum vun der Demande un.

De medezinesche Rapport (R20) kascht Iech näischt: den Dokter gëtt direkt vun der Fleegeversécherung bezuelt.

D'Gesondheetskeess (CNS) schéckt Iech als Informatioun en Accusé de réception, fir ze confirméieren, dass Är Demande bei der Fleegeversécherung ukomm a komplett ass. Wann Dir deen Accusé de réception kritt, musst Dir näischt maachen.

 

Wéi leeft d'Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet of?
Wie këmmert sech ëm d'Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet?

Wann Dir Är Demande agereecht hutt, gëtt d'Gesondheetskeess (CNS) Ären Dossier un d'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung weider.

D’AEC ass eng Administratioun vum Ministère fir sozial Sécherheet. Si ass zoustänneg, fir Är Fleegebedierftegkeet ze evaluéieren. Si bestëmmt, op wéi eng Leeschtungen Dir Usproch hutt.

 

D'AEC rifft Iech un an/oder schreift Iech, fir Iech den Datum fir d'Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet matzedeelen.

Dës Evaluatioun gëtt vun engem Gesondheetsberuffler oder engem Dokter vun der AEC duerchgeféiert.

An der Reegel handelt et sech bei dësem Gesondheetsberuffler ëm de Referent, dee fir Ären Dossier a säi Suivi zoustänneg ass. Wann Dir eng Fro zu Ärem Dossier hutt, kënnt Dir Iech direkt un de Referent wenden. Dir kritt seng Coordonnéeë bei der Evaluatioun.

Wou gëtt d'Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet gemaach?

D'Evaluatioun kann op follgende Plaze gemaach ginn:

  • an de Raimlechkeete vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung
  • bei Iech doheem
  • an deem Hëllefs- a Fleegeetablissement, wou Dir wunnt.
Wéi leeft d'Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet of?

Den Déngschtleeschter vun der AEC evaluéiert Är Fäegkeeten, fir d'Aktivitéite vum alldeegleche Liewen duerchzeféieren, a stellt Äre Bedarf un Hëllef a Fleeg fest. Hien evaluéiert och Ären eventuelle Bedarf un techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger Adaptatioun vum Auto. Wann en Dokter vun der AEC Är Evaluatioun duerchféiert, gitt Dir och grëndlech ënnersicht.

 

Dir wunnt doheem an eng Privatpersoun oder eng Persoun aus Ärem Entourage këmmert sech ëm Är Hëllef a Fleeg:

  • Dës Persoun muss bei der Evaluatioun derbäi sinn. D'AEC stellt Iech och Froen zu Ärer Fleegebedierftegkeet.
  • D’AEC beurteelt och, ob dës Persoun kapabel an disponibel ass, fir déi néideg Hëllefs- a Fleegeleeschtungen ze erbréngen. Wann dat de Fall ass, kann dës Persoun als Är Fleegepersoun unerkannt ginn.
  • Den Déngschtleeschter vun der AEC decidéiert, ob d'Fleegepersoun d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen eleng erbrénge kann oder Ënnerstëtzung vun engem Fleegedéngscht brauch.
  • Wann e Fleegedéngscht muss intervenéieren, decidéiert den Déngschtleeschter vun der AEC och iwwer d'Opdeelung vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen tëschent dem Fleegedéngscht an der Fleegepersoun. De Fleegedéngscht, deen Dir gär komme loosst, musst Dir selwer auswielen (kuckt bei „Nëtzlech Adressen“), an Dir hutt dobäi fräi Wiel.
  • Wann Är Fleegepersoun eng Kéier net disponibel ass (z. B. wa se krank ass, Congé huet asw.), kann de Fleegedéngscht deen Ament all d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen iwwerhuelen, déi Dir braucht. D'Modalitéiten dovu musst Dir mam Fleegedéngscht ofklären.

Dir wunnt doheem a gitt just vun engem Fleegedéngscht ënnerstëtzt:

  • Wann e Fleegedéngscht all d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen iwwerhëlt, musst Dir dee Fleegedéngscht, deen Dir gär komme loosst, selwer auswielen, an dem Referent soen, fir wéi een Dir Iech entscheet hutt. Dir hutt fräi Wiel beim Fleegedéngscht.

Dir wunnt an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement:

  • D'AEC stellt och dem Hëllefs- a Fleegeetablissement Froen zu Ärer Fleegebedierftegkeet.

Eng detailléiert Lëscht vun de verschiddenen Déngschtleeschter, déi Hëllefs- a Fleegeleeschtungen erbréngen (Fleegedéngschter, Altersheemer, Fleegeheemer, Vakanzebetter, betreit Wunnen asw.) kritt Dir beim Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun.

Eng Opstellung vun den Déngschter fir eeler Persounen, déi reegelméisseg aktualiséiert gëtt, fannt Dir an der Rubrik „Publications“ op der Internetsäit www.luxsenior.lu. Dir kënnt se och per Telefon oder E-Mail ufroen:

Senioren-Telefon: (+352) 247-86000, senioren@fm.etat.lu.

Wat maachen am Fall vun engem dréngende Bedarf?
Wat maachen am Fall vun engem dréngende Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen?

Wann Dir en dréngende Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen hutt, kënnt Dir Iech direkt un en Déngschtleeschter vun Ärer Wiel wenden (e Fleegedéngscht oder en Etablissement). Den Déngschtleeschter ka mat Iech zesumme kucken, wéi eng Hëllefs- a Fleegeleeschtungen Dir braucht.

Wann Dir no der Evaluatioun duerch d'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung als fleegebedierfteg unerkannt gitt, hutt Dir ab dem Datum vun der Demande Usproch op Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi vun engem Fleegedéngscht erbruecht ginn (Sachleeschtungen).

Wat maachen am Fall vun engem dréngende Bedarf un techneschen Hëllefsmëttelen?

Dir hutt nach keng Demande bei der Fleegeversécherung agereecht:

Op Ordonnance, déi Dir bei Ärem Dokter ufroe musst, kënnt Dir beim SMA (Service Moyens Accessoires) fir 6 Méint verschidden technesch Hëllefsmëttele kréien. Wann Dir déi technesch Hëllefsmëttele fir méi wéi 6 Méint braucht, musst Dir dofir och eng Demande bei der Fleegeversécherung maachen.

 

Dir hutt schonn eng Demande bei der Fleegeversécherung agereecht:

Fir weider Renseignementer kënnt Dir Iech un eis Helpline „Technesch Hëllefsmëttelen“ wenden:

Telefon: (+352) 247-86040

Contact Email

Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

Verschidden technesch Hëllefsmëttele kënnen Iech séier zur Verfügung gestallt ginn. Fir anerer musse fir d'éischt Är Situatioun an Äert Ëmfeld evaluéiert ginn.

Wichteg: Dir sollt op kee Fall op eegen Initiativ technesch Hëllefsmëttele kafen (z. B. Rollstull, Fleegebett, Hëllefe fir ze goen). Dir musst op den Accord vun der AEC waarden. D'Gesetz gesäit keng réckwierkend Prise en charge an och kee Remboursement vun techneschen Hëllefsmëttele vir, déi Dir op eegen Initiativ kaaft hutt.

Wat maachen am Fall vun engem dréngende Bedarf un enger Adaptatioun vun der Wunneng?

Fir weider Renseignementer kënnt Dir Iech un eis Helpline „Technesch Hëllefsmëttelen“ wenden:

Telefon: (+352) 247-86040

Contact Email

Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

Wann eng vun der Fleegeversécherung subventionéiert Adaptatioun vun der Wunneng geplangt ass, muss fir d'éischt kloer sinn, datt Dir op laang Siicht wëllt doheem bleiwen. Dir musst fir eng bestëmmten Zäit, déi vun den investéierten Zommen ofhänkt, an der adaptéierter Wunneng wunnen. Wann Dir ouni berechtegte Grond virdru plënnert, musst Dir de Rescht rëmbezuelen. Den Evaluateur vun der AEC kënnt bei Iech heem an informéiert Iech iwwer all déi néideg Demarchen an d'Bedéngungen, déi mussen agehale ginn.

Wann d’Persoun Locataire vun enger Wunneng ass, déi net hire Bedürfnisser ugepasst ass, kann d’Fleegeversécherung sech un den zousätzleche Käschte vun engem Loyer bedeelegen, déi duerch d’Plënneren an eng ugepasste Wunneng oder eng Wunneng, déi sech upasse léisst, entstinn. De Maximum vun dëser Bedeelegung leit bei 450 Euro pro Mount. Dës Bedeelegung pro Mount um Loyer hält op, wa bis de Maximum vun dëser Bedeelegung vun 35.000 Euro erreecht gouf.

 

Wichteg: Dir sollt op kee Fall op eegen Initiativ mat Aarbechte fir d'Adaptatioun vun Ärer Wunneng ufänken. Dir musst op den Accord vun der AEC waarden. D'Gesetz gesäit keng réckwierkend Prise en charge vir.

Wat maachen am Fall vun engem dréngende Bedarf un enger Adaptatioun vum Auto?

Fir weider Renseignementer kënnt Dir Iech un eis Helpline „Technesch Hëllefsmëttelen“ wenden:

Telefon: (+352) 247-86040

Contact Email

Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

Wichteg: Dir sollt op kee Fall op eegen Initiativ Ären Auto adaptéiere loossen. Dir musst op den Accord vun der AEC waarden. D'Gesetz gesäit keng réckwierkend Prise en charge vir.

Wat geschitt no der Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet?
Dir wunnt doheem

No der Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet mécht de Referent, dee fir Ären Dossier zoustänneg ass, d'Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge, op déi Dir all Woch Usproch hutt.

Unhand vun dëser Synthees kann och gepréift ginn, ob Dir de Mindestbedarf vun der Fleegeversécherung erreecht hutt oder net. Wann Dir de Mindestbedarf erreecht hutt, kënnt Dir och aner Zorte vu Leeschtunge jee no Ärem Bedarf an Ärer Situatioun bewëllegt kréien.

Jee no Ärem Bedarf un Hëllef a Fleeg bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV), kritt Dir ee vun deene 15 Niveauen u wéchentlechem Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen zougewisen.

All eenzele vun deene 15 Niveauen entsprécht enger gewëssener Unzuel vu Minutte Betreiung, op déi Dir pro Woch Usproch hutt.

 

Dir kritt Hëllef vun enger Fleegepersoun, déi vun der AEC unerkannt ass

En Deel vun der Sachleeschtung (Hëllef duerch e Fleegedéngscht) kann an eng Geldleeschtung ëmgewandelt ginn.

Nëmmen d'Sachleeschtunge fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen an d'Ënnerstëtzung beim Haushalt kënnen duerch Geldleeschtungen ersat ginn.

Et ginn 10 verschidde Forfaite bei de Geldleeschtungen, jee no Ausmooss vun der Betreiung, déi d’Fleegepersoun iwwerhëlt. Dëse Forfait gëtt un déi fleegebedierfteg Persoun ausbezuelt, déi domat déi Fleegepersoun bezilt, déi bei hir Hëllefs- a Fleegeleeschtungen erbréngt. Den Usproch op d'Geldleeschtunge besteet vum Datum vun der Matdeelung vun der offizieller Decisioun un.

 

Dir kritt Hëllef vun engem Fleegedéngscht oder gitt an e semi-stationären Zentrum:

E Forfait fir d'Sachleeschtunge gëtt vun der Fleegeversécherung direkt un dee Fleegedéngscht oder Zentrum bezuelt.

Et gi 16 verschidde Forfaiten, jee no Ausmooss vun deenen néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen. Falls relevant, ginn d'Käschte fir déi verschidde bewëllegt Aktivitéiten och direkt un de Fleegedéngscht bezuelt. Den Usproch op d'Sachleeschtungen ass réckwierkend, d. h., e besteet vum Datum vun der Demande un.

Dir wunnt an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement fir de stännegen Openthalt

No der Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet hält de Referent, dee fir Ären Dossier zoustänneg ass, an engem Relevé déi Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fest, op déi Dir all Woch Usproch hutt. Unhand vun dësem Relevé kann och gepréift ginn, ob Dir de Mindestbedarf vun der Fleegeversécherung erreecht hutt oder net. Wann Dir de Mindestbedarf erreecht hutt, kënnt Dir och aner Zorte vu Leeschtunge jee no Ärem Bedarf bewëllegt kréien.

Jee no Ärem Bedarf un Hëllef a Fleeg bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV), kritt Dir ee vun deene 15 Niveauen u wéchentlechem Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen zougewisen.

All eenzele vun deene 15 Niveauen entsprécht enger gewëssener Unzuel vu Minutte Betreiung, op déi Dir pro Woch Usproch hutt.

De Forfait fir d'Sachleeschtunge gëtt direkt un dat Etablissement bezuelt.

Et gi 16 verschidde Forfaiten, jee no Ausmooss vun deenen néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen. Falls relevant, ginn d'Käschte fir déi verschidde bewëllegt Aktivitéiten och direkt un d'Etablissement bezuelt.

 

D'Pensiounskäschten (zu deenen de Loyer vum Zëmmer an d'Käschte fir d'Iessen an d'Betreiung gehéieren) ginn ëmmer zu Äre Laaschten, egal ob Dir als fleegebedierfteg unerkannt sidd oder net.

D'Pensiounskäschte gi fräi vun den Etablissementer fir de stännegen Openthalt festgeluecht. Fir Renseignementer zur Participatioun un de Pensiounskäschten an den Etablissementer, kënne sech déi Concernéiert un de Fonds national de solidarité wenden (Tel.: (+352) 491081-1, www.fns.lu).

Dir wunnt an engem Etablissement fir den zäitweilegen Openthalt

No der Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet hält de Referent, dee fir Ären Dossier zoustänneg ass, an engem Relevé déi Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fest, op déi Dir all Woch Usproch hutt. Unhand vun dësem Relevé kann och gepréift ginn, ob Dir de Mindestbedarf vun der Fleegeversécherung erreecht hutt oder net. Wann Dir de Mindestbedarf erreecht hutt, kënnt Dir och aner Zorte vu Leeschtunge jee no Ärem Bedarf bewëllegt kréien.

Jee no Ärem Bedarf un Hëllef a Fleeg bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV), kritt Dir ee vun deene 15 Niveauen u wéchentlechem Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen zougewisen.

All eenzele vun deene 15 Niveauen entsprécht enger gewëssener Unzuel vu Minutte Betreiung, op déi Dir pro Woch Usproch hutt.

 

Wärend där Zäit, wou Dir am Etablissement sidd, gi sämtlech Hëllefs- a Fleegeleeschtunge vum Etablissement erbruecht (Forfait fir d'Sachleeschtungen).

Fir déi Zäit, déi Dir doheem verbréngt, ass eng Opdeelung vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen tëschent der Fleegepersoun (Forfait fir d'Geldleeschtungen) an engem Fleegedéngscht (Forfait fir d'Sachleeschtungen) méiglech.

Dir hutt keen Usproch op d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge vun der Fleegeversécherung

Et ka sinn, datt Dir keen Usproch op d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge vun der Fleegeversécherung hutt, well Dir net déi néideg Bedéngungen erfëllt, awer trotzdeem e minimale Bedarf un Hëllef bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen hutt.

Méi Renseignementer iwwer eng eventuell Prise en charge an d'Modalitéiten, déi hei gëllen, kritt Dir um „Senioren-Telefon“ vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun (Tel. (+352) 247-86000, senioren@fm.etat.lu) oder bei engem Fleegedéngscht.

 

Wann Dir awer op technesch Hëllefsmëttelen oder eng Adaptatioun vun der Wunneng oder vum Auto ugewise sidd, kënnt Dir onofhängeg vum Bedarf un Ënnerstëtzung bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen eng Demande bei der Fleegeversécherung areechen.

Wéi gëtt d'offiziell Decisioun matgedeelt?
Wouraus besteet d'offiziell Decisioun?

D'offiziell Decisioun gëtt vum President vun der Gesondheetskeess (CNS) op Basis vum Avis vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung geholl.

Dës Decisioun informéiert Iech, ob Dir als fleegebedierfteg unerkannt gitt a vu wéini un Dir Usproch op d'Leeschtungen hutt. Zesumme mat der Decisioun gëtt d'Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi duerchgeféiert musse ginn, opgestallt.

 

Dës Synthees liwwert Informatiounen iwwer:

  • déi verschidde Leeschtungen, op déi eng Persoun Usproch huet;
  • de wéchentleche Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen;
  • déi detailléiert Beschreiwunge vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi mussen erbruecht ginn;
  • d'Donnéeë vun der Fleegepersoun, d'Opdeelung vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen tëschent der Fleegepersoun an dem Fleegedéngscht (wann dat de Fall ass);
  • d'Pauschalbezuelungen;
  • déi technesch Hëllefsmëttelen oder d'Adaptatioune vun der Wunneng, déi opgrond vun der Evaluatioun musse bewëllegt ginn.

Dës Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge gëtt der fleegebedierfteger Persoun an dem Fleegedéngscht oder dem Etablissement (wann op esou een zréckgegraff gëtt) matgedeelt.

Wat maachen, wann Dir net mat der offizieller Decisioun averstane sidd?

Dir kënnt d'Decisioun contestéieren, andeem Dir beim Conseil d'administration vun der Gesondheetskeess (CNS) Oppositioun dogéint aleet. D'Prozedur, déi Dir dofir musst anhalen, ass op Franséisch an op Däitsch op der Decisioun beschriwwen.

Dës Demarche muss bannent de véierzeg Deeg no der entspriechender Decisioun gemaach ginn. Ären Dossier gëtt da vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung iwwerpréift, fir ze beurteelen, ob d'Oppositioun begrënnt ass. Dir kritt eng Äntwert vum Conseil d’administration vun der CNS, deen opgrond vum Avis vun der AEC entscheet.

Wann Dir no Ärer Oppositioun mam Conseil d'administration vun der Gesondheetskeess senger Decisioun net averstane sidd, da kënnt Dir e Recours beim Geriicht areechen. D'Prozedur, déi Dir dofir musst anhalen, ass op der Decisioun beschriwwen. Dës Demarche musst Dir bannent de véierzeg Deeg no der entspriechender Decisioun maachen.

Wat maachen, wa sech Är Fleegebedierftegkeet ännert?

Dir kënnt eng Reevaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet ufroen. Am Normalfall kann een dat awer eréischt ee Joer no där viregter Decisioun maachen, ausser bei enger grondleeënder Ännerung vun den Ëmstänn.

Dir braucht just eng nei Demande fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung anzereechen. Wann Dir dës Demande areecht, éier e ganzt Joer vergaangen ass, ass et wichteg, datt de behandelnden Dokter a sengem medezinesche Rapport (R20) d'Grënn vun der grondleeënder Ännerung vun den Ëmstänn ugëtt.

D'Reevaluatioun kann och vun engem Familljemember, der Fleegepersoun, dem Déngschtleeschter, der Gesondheetskeess (CNS) oder der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung ugefrot ginn.

 

D'AEC beurteelt op Grondlag vum medezinesche Rapport R20, a wéi wäit et ubruecht ass, de Bedarf vun der fleegebedierfteger Persoun ze reevaluéieren, wann nach kee ganzt Joer vergaangen ass.

Wann Dir eng Reevaluatioun ufrot, gëtt Är Fleegebedierftegkeet nei evaluéiert an Dir kritt eng nei offiziell Decisioun.

Et ka sinn, datt d'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung no Ärer Reevaluatioun Ären Déngschtleeschter (Fleegedéngscht oder Etablissement) freet, fir e „Reevaluatiounsdokument“ auszefëllen. An dësem Fall mécht d'AEC keng nei Visitt bei Iech. Si hält awer déi definitiv Synthees fest, andeem si sech op déi Informatioune baséiert, déi si vun Ärem Déngschtleeschter krut.

Op wéi eng Leeschtunge kënnt Dir Usproch hunn?
D'Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Wann Dir de Mindestbedarf vun 3,5 Stonnen d'Woch un Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV) erreecht hutt, kënnt Dir Usproch op Hëllef an deene verschiddene Beräicher vun den AEV hunn, wann Dir doheem oder an engem Etablissement wunnt.

Bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV) handelt et sech ëm d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de follgende 5 Beräicher:

  • Kierperhygiène 
    • Hëllef beim Wäschen, fir d'Hoer ze wäschen an d'Neel ze schneiden
    • Hëllef fir d'Zänn ze botzen/d'Gebëss ze fleegen
    • Hëllef, fir de Baart ze maachen oder d'Gesiicht ze epiléieren
    • Hëllef bei der Fleeg wärend der Menstruatioun
  • Toilettegang
    • Hëllef fir op d'Toilette ze goen
    • Hëllef beim Wiessele vun enger Stomatäsch oder dem Eidelmaache vun enger Urintäsch
  • Ernärung
    • Hëllef beim Iessen an Drénken
    • Hëllef bei der enteraler Ernärung
  • Un- an Ausdoen
    • Hëllef beim Un- an Ausdoe vun de Kleeder
    • Hëllef beim Installéieren an Ausdoe vu Korrektur- a Kompensatiounsmëttelen (z. B. Hörapparat, Prothees, Kompressiounsstrëmp)
  • Mobilitéit
    • Hëllef bei den Transferten (Hëllef beim Opstoen, Leeën, Sëtzen)
    • Hëllef bei den Deplacementer an der Wunneng
    • Hëllef fir an d'Wunneng eranzegoen a se ze verloossen
    • Hëllef fir vun engem Stack op deen aneren ze goen (Hëllef fir d'Trapen erop- an erofzegoen, fir de Lift ze huelen)
Aktivitéiten an aner Zorte vu Leeschtungen

Jee no Bedarf a Wunnuert vun der fleegebedierfteger Persoun (doheem oder an engem Etablissement) kann d'Fleegeversécherung och aner Zorte vu Leeschtunge bewëllegen.

Verschidden Zorte vun Aktivitéite solle fir eng gutt Prise en charge oder eng adequat Betreiung vun der fleegebedierfteger Persoun a vun der Fleegepersoun (falls et esou eng gëtt) suergen. Falls d'Fleeg doheem weider erhale gëtt, kënne se och zur Ënnerstëtzung an Entlaaschtung vun der Fleegepersoun bäidroen.

Dës Aktivitéite kënnen nëmme bewëllegt ginn, wann eng Persoun als fleegebedierfteg unerkannt gouf, d. h, wa si de Mindestbedarf vun 3,5 Stonnen un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen an de Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen erreecht huet.

Bestëmmten Aktivitéiten a Leeschtunge sinn awer net un d'Bedéngung vum Mindestbedarf gebonnen: d'Formatioun fir d'Benotze vun techneschen Hëllefsmëttelen, d'Prise en charge vun den techneschen Hëllefsmëttelen, d'Adaptatioune vun der Wunneng oder vum Auto.

 

Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen - bei der Fleeg doheem oder an engem Etablissement

Heibäi handelt et sech ëm speziell Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Duerchféierung vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen. Dobäi geet et ëm déi motoresch, kognitiv a psychesch Fäegkeete vun der fleegebedierfteger Persoun. Duerch si sollen déi verbleiwend Fäegkeeten erhalen oder verbessert gi bzw. soll verhënnert ginn, datt se ofhuelen. Dës Aktivitéite kënnen eleng doheem oder am Grupp an engem Centre de jour erbruecht ginn.

Dës Aktivitéite ginn a Form vun engem Forfait vu 5 St./Woch fir individuell Aktivitéiten oder vun 20 St./Woch bei Gruppenaktivitéite bewëllegt.

 

Aktivitéite fir d'Fleeg doheem weider ze erhalen

  • Individuell Gard doheem

Heibäi geet et ëm eng kuerzzäiteg Opsiicht a Betreiung vun der fleegebedierfteger Persoun doheem wärend dem Dag, wann d'Fleegepersoun net do ass. Dës Gard fënnt individuell bei der fleegebedierfteger Persoun statt.

Eng individuell Garde gëtt a Form vun engem Forfait vu 7 St./Woch bewëllegt. Bei enger bewisener Iwwerlaaschtung vun der Fleegepersoun ass et méiglech, datt en erhéichte Forfait vu 14 St./Woch bewëllegt gëtt.

  • Gard am Grupp an engem semi-stationären Zentrum („Centre de jour“ oder „Foyer de jour“)

Heibäi geet et drëm, eng fleegebedierfteg Persoun, déi net wärend engem längeren Zäitraum eleng bleiwe kann, wärend dem Dag ze betreien. Dës Gard fënnt an engem Centre de jour am Grupp statt.

Garden am Grupp ginn a Form vun engem Forfait vu 40 St./Woch bewëllegt. Fir Persounen, déi eng spezifesch a personaliséiert Betreiung an eng intensiv Opsiicht brauchen, gëtt et en erhéichte Forfait vu 56 St./Woch fir d'Garden am Grupp.

Wann eng fleegebedierfteg Persoun wëll, ka si en Deel vun hire Garden am Grupp géint individuell Garden oder Begleedung bei Aktivitéite baussent dem Liewensëmfeld (z. B. Begleedung beim Akafen) tauschen, woubäi d'Begleedung bei Aktivitéite baussent dem Liewensëmfeld bei héchstens 4 Stonnen d'Woch däerf leien. Fir dat ze maachen, muss si sech un hiren Déngschtleeschter wenden.

  • Nuetswaach

Heibäi geet et ëm d'Opsiicht vun enger fleegebedierfteger Persoun, déi ronderëm d'Auer op d'Presenz vun enger Drëttpersoun ugewisen ass. Dës Nuetswaach kann als Ersatz fir d'Fleegepersoun hierhalen, wann déi net do ass.

Et handelt sech ëm e Joresforfait vun 10 Nuechten.

  • Formatioun vun der Fleegepersoun

Heibäi geet et ëm eng Formatioun, fir der Fleegepersoun ze hëllefen, sech bei der Duerchféierung vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe (AEV) besser ëm déi fleegebedierfteg Persoun ze këmmeren.

D'Formatioun vun der Fleegepersoun gëtt a Form vun engem Joresforfait vu 6 Stonne bewëllegt.

  • Formatioun fir d'Benotze vun techneschen Hëllefsmëttelen (ouni Bedéngung vum Mindestbedarf)

Heibäi geet et ëm eng Formatioun, fir der fleegebedierfteger Persoun oder hirer Fleegepersoun ze hëllefen, besser mat engem techneschen Hëllefsmëttel eens ze ginn.

D'Formatioun fir d'Benotze vun den techneschen Hëllefsmëttele gëtt a Form vun engem Joresforfait vun 2 Stonne bewëllegt.

  • Ënnerstëtzung beim Haushalt

Heibäi geet et drëm, der fleegebedierfteger Persoun beim Botze vun de Raim, an deene si sech ophält (Schlofzëmmer, Buedzëmmer, Toilette, Kichen, Stuff, Iesszëmmer), ze hëllefen. Dës Aktivitéit kann och benotzt ginn, fir sech ëm d'Wäsch vun der fleegebedierfteger Persoun ze këmmeren oder fir si akafen ze goen.

Et handelt sech ëm e Forfait vun 3 St./Woch, deen all fleegebedierfteg Persoun, déi doheem wunnt, bewëllegt kritt.

 

Betreiungsaktivitéiten an engem Etablissement

Heibäi geet et drëm, eng fleegebedierfteg Persoun, déi an engem Etablissement wunnt an net wärend engem längeren Zäitraum eleng bleiwe kann, wärend dem Dag ze betreien. Zu dëser Betreiung gehéieren och Beschäftegungsaktivitéiten oder sozial Aktivitéiten a si gëtt am Grupp duerchgeféiert.

Et handelt sech ëm en einfache Forfait vu 4 St./Woch, deen all fleegebedierfteg Persoun, déi an engem Etablissement lieft, bewëllegt kritt. Fir Persounen, déi eng spezifesch a personaliséiert Betreiung an eng intensiv Opsiicht brauchen, gëtt et en erhéichte Forfait vu 10 St./Woch.

An der Praxis stellen dës Stonneforfaiten e Geldbudget a keng tatsächlech Betreiungsstonnen, déi individuell beim Beneficiaire geleescht gi sinn, duer. Dëse Budget gëtt den Etablissementer attribuéiert, fir datt se d'Betreiung vun de fleegebedierftege Persoune kënnen decken a sécherstellen.

 

Participatioun um Forfait fir d'Inkontinenzmaterial

Doheem kann eng fleegebedierfteg Persoun bei Inkontinenz an ënner gewëssene Bedéngungen all Mount e Forfait kréien, fir dat Inkontinenzmaterial ze kafen, wat si brauch.

Wann déi fleegebedierfteg Persoun an engem Etablissement lieft, kritt si dëse Forfait net, mee d'Etablissement kritt en direkt vun der Fleegeversécherung ausbezuelt. D'Etablissement ka kee Supplement fir Inkontinenzmaterial vun der fleegebedierfteger Persoun verlaangen.

 

Prise en charge vun der Cotisatioun un d'Pensiounskeess vun der Fleegepersoun

D'Fleegeversécherung kann ënner gewëssene Bedéngungen d'Cotisatiounen un d'Pensiounskeess vun Ärer Fleegepersoun bezuelen, déi un Ärer Fleeg doheem bedeelegt ass a vun der AEC als kapabel an disponibel, fir Iech ze hëllefen, unerkannt gouf.

Wann Är Fleegepersoun keen Usproch op eng perséinlech Pensioun huet, kënnt Dir se bei der Pensiounskeess umellen. Dës Umeldung ass fräiwëlleg an net obligatoresch. Dir kënnt d'Fleegepersoun och umellen, wann et sech ëm e Familljemember (kee Salarié) handelt.

Fir eng Fleegepersoun bei der Pensiounskeess unzemellen, kritt Dir beim Centre commun de la sécurité sociale e Formulaire, op deem Dir Är Donnéeën („matricule employeur“) an déi vun där Persoun, déi Dir wëllt umellen („matricule assuré“), musst uginn. D'Cotisatiounen un d'Pensiounskeess fir Är Fleegepersoun ginn da vun der Fleegeversécherung bezuelt.

Méi Informatioune kritt Dir beim Centre  Commun de la Sécurité sociale: Tel. (+352) 40141-1, www.ccss.lu.

 

Prise en charge vun techneschen Hëllefsmëttelen, Adaptatioune vum Auto an Adaptatioune vun der Wunneng (ouni Bedéngung vum Mindestbedarf)

Bei der Fleegeversécherung kann eng Demande agereecht ginn, wann eng Persoun op technesch Hëllefsmëttelen oder eng Adaptatioun vun der Wunneng oder vum Auto ugewisen ass, onofhängeg vum Bedarf un Ënnerstëtzung bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen. De Mindestbedarf vun 3,5 Stonnen d'Woch bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV) muss also net erreecht ginn, fir Usproch op technesch Hëllefsmëttelen oder Adaptatioune vun der Wunneng oder vum Auto ze hunn.

De Bedarf fir en technescht Hëllefsmëttel, eng Adaptatioun vum Auto oder eng Adaptatioun vun der Wunneng muss awer gerechtfertegt sinn. D'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) evaluéiert Äre Bedarf a leet déi Hëllefe fest, op déi Dir laut de Bedéngungen, déi gëllen, fir dës Hëllefen ze kréien, Usproch hutt.

Dir sollt op kee Fall op eegen Initiativ technesch Hëllefsmëttelen (z. B. Rollstull, Fleegebett oder Hëllefe fir ze goen) kafen oder Aarbechten ufänken, fir d'Wunneng oder Ären Auto unzepassen, éier Dir d'Geneemegung vun der AEC krut. D'Gesetz gesäit keng réckwierkend Prise en charge vir.

 

Technesch Hëllefsmëttelen

D'Fleegeversécherung kann Iech technesch Hëllefsmëttele bewëllegen. Dir kritt se gratis, d. h. ouni Eegeparticipatioun, zur Verfügung gestallt, meeschtens a Form vun enger Locatioun. Déi technesch Hëllefsmëttelen, déi Dir bewëllegt kritt, sinn net ëmmer nei. Si sinn awer ëmmer iwwerpréift a steriliséiert.

De Montant vun de Käschten, déi iwwerholl ginn, däerf net méi héich ewéi 35.000 Euro pro Hëllefsmëttel sinn.

Beispiller fir technesch Hëllefsmëttelen:

  • Gestell fir ze goen
  • Toilettesëtzerhéijung
  • Duschstull
  • Briet fir an d'Buedbidden

D'Fleegeversécherung kann ënner gewëssene Bedéngungen och d'Käschte fir e Blannenhond iwwerhuelen.

 

Adaptatioun vun engem Auto, dee fir privat Zwecker benotzt gëtt

D'Fleegeversécherung kann d'Käschte fir d'Adaptatioun vun engem Auto, dee fir privat Zwecker benotzt gëtt, bis zu engem Montant vun 35.000 Euro iwwerhuelen.

Beispiller fir Adaptatioune vum Auto:

  • Adaptatioun vum Chaufferssëtz (laut de Restriktiounen, déi um Fürerschäi stinn)
  • Raklammen an Installéiere vum Demandeur am Auto
  • Raklammen an Installéiere vum Demandeur, deen am Rollstull sëtzt, am Auto
  • Alueden an Transportéiere vum Rollstull

Wat d'Restriktiounen ugeet, déi um Fürerschäi stinn, kënnt Dir Iech un d' medezinesch Kommissioun vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (Departement fir Mobilitéit an Transport, Stroosseverkéier a Verkéierssécherheet) wenden: Tel.: (+352) 247-84466 oder (+352) 247-84931.

 

Adaptatioun vun der Wunneng

D'Fleegeversécherung ka sech ënner gewëssene Bedéngungen och um Finanzement vun enger Adaptatioun vun Ärer Wunneng bedeelegen, dat bis zu engem Montant vun 35.000 Euro.

Beispiller fir Adaptatioune vun der Wunneng:

  • Abaue vun enger buedemgläicher Dusch
  • eng Dir méi breet maachen, fir datt e Rollstull duerchpasst

Wann eng vun der Fleegeversécherung subventionéiert Adaptatioun vun der Wunneng geplangt ass, muss fir d'éischt kloer sinn, datt Dir op laang Siicht wëllt doheem bleiwen. Dir musst fir eng bestëmmten Zäit, déi vun den investéierten Zommen ofhänkt, an der adaptéierter Wunneng wunnen. Wann Dir ouni berechtegte Grond virdru plënnert, musst Dir de Rescht rëmbezuelen. Den Evaluateur vun der AEC kënnt bei Iech heem an informéiert Iech iwwer all déi néideg Demarchen an d'Bedéngungen, déi mussen agehale ginn.

Fir Renseignementer am Zesummenhang mat techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger Adaptatioun vum Auto:

Helpline „Technesch Hëllefsmëttelen“

Telefon: (+352) 247-86040

Contact Email

Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

Wann Dir schonn eng Demande bei der Fleegeversécherung agereecht hutt oder scho Beneficiaire sidd, kënnt Dir Iech och un d'Helpline wenden, wann Dir en dréngende Bedarf fir eng Grondausstattung hutt (z. B. Gestell fir ze goen, Rollstull, Fleegebett asw.).

Wéi gesäit d'finanziell Prise en charge vun der Fleegeversécherung doheem oder an engem Etablissement aus?
D'Prise en charge vun de Sachleeschtungen doheem oder an engem Etablissement

D'Fleegeversécherung iwwerhëlt d'Käschte fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir déi fleegebedierfteg Persoun a Form vu Sachleeschtungen.

Et schwätzt ee vu „Sachleeschtungen“, wann déi Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi Dir braucht, vun engem Fachdéngscht erbruecht ginn:

  • Fleegedéngscht
  • semi-stationären Zentrum
  • Hëllefs- a Fleegeetablissement (Alters- oder Fleegeheem)
  • Etablissement fir den zäitweilegen Openthalt (Strukture fir d'Ënnerbréngung vu behënnerte Persounen)

Den Usproch op d'Sachleeschtungen ass réckwierkend, d. h., e besteet vum Datum vun der Demande un, wann Dir als fleegebedierfteg unerkannt gitt.

 

Dir wunnt doheem

Wann Dir doheem wunnt a vun engem Fleegedéngscht ënnerstëtzt gitt oder wann Dir an e semi-stationären Zentrum gitt, ginn d'Käschte fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen no engem System vu Forfaite fir Sachleeschtungen iwwerholl. Dës Forfaite ginn direkt vun der Fleegeversécherung un d'Déngschtleeschter bezuelt. Dir musst déi Leeschtungen, déi an Ärer Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge stinn, net selwer un den Déngschtleeschter bezuelen.

D'Käschte fir déi verschidden Aktivitéiten (individuell Gard, Gruppegard, Nuetswaach, Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen, Ënnerstëtzung beim Haushalt, Formatioun vun der Fleegepersoun, Formatioun fir d'Benotze vun techneschen Hëllefsmëttelen), déi Iech bewëllegt goufen, ginn och direkt un den Déngschtleeschter bezuelt.

Fleegebedierfteg Persounen, déi an e semi-stationären Zentrum („Centre de jour“ oder „Foyer de jour“) ginn, mussen d'Käschte fir den Accueil an Accompagnement psycho-gériatrique  (z. B. Iessen, Snacken asw.) awer selwer iwwerhuelen.

Méi Renseignementer iwwer eng eventuell Participatioun un dëse Käschte kritt Dir um „Senioren-Telefon“ vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun: Tel. (+352) 247-86000, senioren@fm.etat.lu

 

Dir lieft an engem Etablissement fir Senioren oder fir behënnert Persounen

Wann Dir an engem Etablissement lieft, kritt Dir Är Hëllefs- a Fleegeleeschtungen do vum Personal.

D'Käschte fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewe ginn no engem System vu Forfaite fir Sachleeschtungen iwwerholl. Dës Forfaite ginn direkt vun der Fleegeversécherung un d'Etablissementer bezuelt.

D'Käschte fir déi verschidden Aktivitéiten (Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen, Betreiungsaktivitéiten an engem Etablissement), déi Iech bewëllegt goufen, ginn och direkt un d'Etablissement bezuelt.

Fleegebedierfteg Persounen, déi an engem Etablissement liewen, mussen d'Pensiounskäschten (zu deenen de Loyer vum Zëmmer an d'Käschte fir d'Iessen an d'Betreiung gehéieren) ëmmer selwer bezuelen, egal ob se als fleegebedierfteg unerkannt sinn oder net. D'Pensiounskäschte gi fräi vun den Etablissementer festgeluecht a kënne jee no Etablissement ënnerschiddlech ausfalen.

Fir Renseignementer zu enger eventueller Participatioun un de Pensiounskäschten (Complément „accueil gérontologique“) an engem Etablissement, kënnt Dir Iech un de Fonds national de solidarité wenden: Tel.: (+352) 491081-1, www.fns.lu.

D'Prise en charge vun de Geldleeschtungen doheem an d'Fleegepersoun

Ëmwandlung vun enger Sachleeschtung an eng Geldleeschtung

Wann Dir fleegebedierfteg sidd, doheem wunnt an Hëllef vun enger vun der AEC unerkannter Fleegepersoun kritt, ass et méiglech, en Deel vun der Sachleeschtung (Hëllef, déi e Fleegedéngscht erbréngt) an eng Geldleeschtung (Geldzomm fir d'Hëllefsleeschtungen duerch Är Fleegepersoun) ëmzewandelen.

Dir kënnt net all d'Hëllefsleeschtunge vum Fleegedéngscht an eng Geldzomm ëmwandelen:

  • dat geet nëmme fir d'Hëllefsleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen an d'Ënnerstëtzung beim Haushalt.

Et ginn 10 verschidde Forfaite bei de Geldleeschtungen, jee no Ausmooss vun der Betreiung, déi d’Fleegepersoun iwwerhëlt.

  • Dës Geldzomm muss benotzt ginn, fir déi Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi Dir braucht, ze kréien. De Forfait fir d'Geldleeschtunge gëtt un déi fleegebedierfteg Persoun ausbezuelt, déi domat déi Fleegepersoun bezilt, déi bei hir Hëllefs- a Fleegeleeschtungen erbréngt.
  • Den Usproch op d'Geldleeschtunge besteet vum Datum vun der Notifikatioun vun der offizieller Decisioun un, wann Dir bei der Evaluatioun vun der AEC als fleegebedierfteg unerkannt gitt, an Är Fleegepersoun als kapabel an disponibel, fir Iech ze hëllefen, unerkannt gouf.

 

D'Fleegepersoun ass disponibel a kapabel

D'Gesetz gesäit vir, datt eng Persoun, déi sech reegelméisseg an op d'mannst ee Mol d'Woch un Ären Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bedeelegt, ënner gewëssene Bedéngungen als Fleegepersoun unerkannt ka ginn.  

Bei dëser Fleegepersoun kann et sech ëm en Déngschtleeschter, deen net zu engem Fleegedéngscht gehéiert, eng Persoun, déi Iech no steet, oder soss eng Privatpersoun handelen.

Dës Fleegepersoun muss identifizéiert an evaluéiert ginn, fir datt d'Sachleeschtungen (Leeschtungen, déi vun engem Fleegedéngscht erbruecht ginn) a Geldleeschtunge kënnen ëmgewandelt ginn.

Dofir muss déi Persoun, déi sech un Ären Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bedeelegt, onbedéngt beim Rendez-vous fir d'Evaluatioun vun Ärer Fleegebedierftegkeet derbäi sinn.

DeReferent vun der AEC beurteelt och, ob dës Persoun kapabel an disponibel ass, fir déi néideg Hëllefs- a Fleegeleeschtungen ze erbréngen. De Referent decidéiert, ob dës Persoun als Är Fleegepersoun unerkannt ka ginn:

  • Wann dës Persoun net als Fleegepersoun unerkannt ka ginn, ginn all d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen als Sachleeschtunge bewëllegt, d. h., datt all Hëllefs- a Fleegeleeschtunge vun engem Fleegedéngscht erbruecht ginn. An deem Fall ka keng Geldleeschtung ausbezuelt ginn.
  • Wann dës Persoun als Fleegepersoun unerkannt gëtt, verflicht si sech dozou, d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen eleng oder zesumme mat engem Fleegedéngscht ze erbréngen.

De Referent vun der AEC leet och fest, ob d’Fleegepersoun amstand ass, all d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen eleng ze erbréngen oder ob se vun engem Fleegedéngscht muss ënnerstëtzt ginn:

  • Wann d'Fleegepersoun all d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen eleng erbréngt, gëtt de Forfait fir d'Geldleeschtungen un déi fleegebedierfteg Persoun ausbezuelt, déi domat dës Fleegepersoun bezilt. Et ginn 10 verschidde Forfaite bei de Geldleeschtungen, jee no Ausmooss vun der Betreiung, déi d’Fleegepersoun iwwerhëlt.
  • Wann d'Fleegepersoun bei der Betreiung vun engem Fleegedéngscht ënnerstëtzt gëtt, deelt de Referent vun der AEC d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen tëschent Ärer Fleegepersoun an dem Fleegedéngscht op.

Unhand vun dëser Opdeelung kënnen d'Forfaiten, déi musse bezuelt ginn, festgesat ginn:

  • de Forfait fir d'Sachleeschtungen, deen un de Fleegedéngscht fir déi Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bezuelt gëtt, déi en erbréngt,
  • de Forfait fir d'Geldleeschtungen, deen un déi fleegebedierfteg Persoun ausbezuelt gëtt, fir d'Fleegepersoun ze bezuelen.

Wann Är Fleegepersoun vun der AEC unerkannt gëtt, musst Dir eng Informatiounsfiche iwwer si ausfëllen. Hir Donnéeë ginn an der Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge festgehalen, déi zesumme mat der offizieller Decisioun vun der Fleegeversécherung opgestallt gëtt.  Déi ausgewielte Fleegepersoun muss dës Informatiounsfiche och ënnerschreiwen an engagéiert sech, déi Hëllefs- a Fleegeleeschtunge, déi virgesi sinn, ze erbréngen.

Wann Är Fleegepersoun eng Kéier net disponibel ass (z. B. wa se krank ass oder Congé huet), hutt Dir ëmmer d'Méiglechkeet, fir Är Betreiung op e Fleegedéngscht vun Ärer Wiel zeréckzegräifen. D'Modalitéite vun dëser Betreiung musst Dir direkt mam Fleegedéngscht ofklären.

D'Fleegeversécherung kann ënner gewëssene Bedéngungen d'Cotisatiounen un d'Pensiounskeess vun Ärer Fleegepersoun bezuelen, déi un Ärer Fleeg doheem bedeelegt ass a vun der AEC als kapabel an disponibel, fir Iech ze hëllefen, unerkannt gouf.

Wann Är Fleegepersoun keen Usproch op eng perséinlech Pensioun huet, kënnt Dir se bei der Pensiounskeess umellen. Dës Umeldung ass fräiwëlleg an net obligatoresch. Dir kënnt d'Fleegepersoun och umellen, wann et sech ëm e Familljemember (kee Salarié) handelt.

Fir eng Fleegepersoun bei der Pensiounskeess unzemellen, kritt Dir beim Centre commun de la sécurité sociale e Formulaire, op deem Dir Är Donnéeën („matricule employeur“) an déi vun där Persoun, déi Dir wëllt umellen („matricule assuré“), musst uginn. D'Cotisatiounen un d'Pensiounskeess fir Är Fleegepersoun ginn da vun der Fleegeversécherung bezuelt.

Méi Informatioune kritt Dir beim Centre  Commun de la Sécurité sociale: Tel. (+352) 40141-1, www.ccss.lu.

Wie sinn déi verschidden Déngschtleeschter am Kader vun der Fleegeversécherung?

D'Déngschtleeschter, déi am Kader vun der Fleegeversécherung intervenéieren, sinn déi Fachdéngschter, déi sämtlech Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fir déi fleegebedierfteg Persoun erbréngen. Dës Déngschtleeschter hunn e Kontrakt mat der Gesondheetskeess (CNS).

Am Kader vun der Fleegeversécherung ginn et véier Zorte vun Déngschtleeschter:

  • D'Fleegedéngschter, déi Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei Iech doheem erbréngen.
  • D'semi-stationär Zentren  („Centres de jour“ oder „Foyers de jour“), bei deenen et sech ëm Dageszentren handelt, wou Dir fir eng kuerz Zäit daagsiwwer kënnt higoen, wann Dir doheem wunnt.

Et gi semi-stationär Zentren, déi an éischter Linn fir Persoune mat geriatreschen Erkrankunge geduecht sinn. Anerer riichte sech virun allem u Jonker oder Erwuessener mat enger Behënnerung.

  • D'Etablissementer fir de stännegen Openthalt sinn Etablissementer, an deene fleegebedierfteg Persounen dauerhaft wunnen an déi sech virun allem un eeler Persoune riichten.

Dobäi ënnerscheet een tëschent Altersheemer (Centres intégrés pour personnes âgées - CIPA) a Fleegeheemer. Fir d'Fleegeversécherung gëlle béid Strukturen als Hëllefs- a Fleegeetablissementer.

  • D'Etablissementer fir den zäitweilegen Openthalt  sinn Etablissementer, bei deene sech d'Bewunner ofwiesselend am Etablissement an doheem ophalen, sief dat reegelméisseg oder onreegelméisseg (z. B. de Weekend oder wärend der Vakanz). Dës Etablissementer si just fir Jonker an Erwuessener mat enger Behënnerung geduecht.

Eng detailléiert Lëscht vun den Déngschtleeschter, déi Hëllefs- a Fleegeleeschtungen erbréngen, kritt Dir beim:

 

Ministère fir Famill an Integratioun an d'Groussregioun

Internetsäit: www.luxsenior.lu

Eng Opstellung vun den Déngschter fir eeler Persounen, déi reegelméisseg aktualiséiert gëtt, fannt Dir do an der Rubrik „Publications“. Dir kënnt se och per Telefon oder E-Mail ufroen:

Senioren-Telefon: (+352) 247-86000

senioren@fm.etat.lu

 

Info-Handicap 

All Informatiounen zum Secteur vun der Behënnerung kritt Dir bei Info-Handicap, dem Nationalen Zentrum fir Informatioun a Begéinung am Beräich Behënnerung zu Lëtzebuerg.

Internetsäit: www.info-handicap.lu

Tel.: (352) 366 466-1

Op wéi eng Leeschtungen hutt Dir Usproch, wann Dir bei der CNS sozialverséchert sidd an net am Grand-Duché wunnt?

Internationale Volet vun de Leeschtungen

Et sief drun erënnert, datt:

  • Dir ëmmer nëmmen an engem Land sozialverséchert sidd (an der Reegel an deem Land, wou Dir schafft an och Är Sozialversécherungsbäiträg bezuelt).
  • Dir ëmmer nëmmen ee Residenzland hutt.
  • A verschidde Fäll handelt et sech dobäi ëm dat selwecht Land, an aneren net (cf. Beispiller hei ënnen).

D'Geldleeschtunge musse vun deem Land bezuelt ginn, wou Dir sozialverséchert sidd, a kënnen an en anert Land vun der EU exportéiert ginn.

D'Sachleeschtunge mussen an Ärem Residenzland entspriechend de Reegelen, déi do gëllen, erbruecht ginn.

Wat d'Fleegeversécherung ugeet:

  • handelt et sech bei den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, déi e Fleegedéngscht bei Iech doheem erbréngt, ëm Sachleeschtungen.
  • handelt et sech bei den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, déi Gesondheetsberuffler an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement (Alters- oder Fleegeheem) erbréngen, ëm Sachleeschtungen.

Wann Dir vun enger Fleegepersoun doheem gefleegt gitt, kënnt Dir Är Sachleeschtung duerch eng Geldleeschtung ersetzen. An deem Fall kritt Dir eng gewëssen Zomm Suen, fir Är Fleegepersoun ze remuneréieren.

Bei den techneschen Hëllefsmëttelen an den Adaptatioune vun der Wunneng a vum Auto, ëm déi et am geännerte groussherzogleche Reglement vum 22. Dezember 2006 fir d'Festleeën 1. vun de Modalitéiten a Limitte vun der Prise en charge vun den techneschen Hëllefsmëttelen duerch d'Fleegeversécherung; 2. vun de Modalitéiten a Limitte vun der Prise en charge vun den Adaptatioune vun der Wunneng duerch d'Fleegeversécherung; 3. vun de Produiten, déi néideg sinn, fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen duerchzeféieren (Règlement grand-ducal modifié du 22 décembre 2006 déterminant 1. les modalités et les limites de la prise en charge des aides techniques par l'assurance dépendance; 2. les modalités et les limites de la prise en charge des adaptations du logement par l'assurance dépendance; 3. les produits nécessaires aux aides et soins) geet, handelt et sech ëm Sachleeschtungen.

 

Wann Dir zu Lëtzebuerg verséchert sidd, an an engem anere Land vun der Europäescher Unioun lieft

  • Dat ass bei Frontalieren de Fall, déi zu Lëtzebuerg schaffen an an engem anere Land vun der EU liewen.
  • Dat ass bei lëtzebuergesche Pensionnairen de Fall, déi sech fir d'Opnam an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement an engem anere Land vun der EU entscheet hunn.

Wien ass zoustänneg fir:

Lëtzebuerg

Residenzland

Sachleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Neen

Jo

Geldleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Jo

Neen

Technesch Hëllefsmëttelen/Adaptatioune vun der Wunneng/Adaptatioune vum Auto

Neen

Jo

Forfait fir d'Inkontinenzmaterial

Neen

Jo

  • Konkret heescht dat, datt e Frontalier, deen zu Lëtzebuerg schafft an an engem anere Land wunnt, vu Lëtzebuerg eng Geldleeschtung kréie kann, wann e vun enger Fleegepersoun doheem gefleegt gëtt.
  • Konkret heescht dat, datt e Pensionnaire, deen zu Lëtzebuerg sozialverséchert war a sech fir d'Opnam an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement an engem anere Land vun der Europäescher Unioun entscheet huet, sech fir d'Prise en charge vun de Sachleeschtungen un d'Autoritéiten a sengem Residenzland wende muss.

 

Dir cotiséiert zu Lëtzebuerg a wunnt am Ausland

  • Är Fleegebedierftegkeet gëtt an der Reegel vun den zoustännegen Autoritéiten an Ärem Residenzland evaluéiert.

 

Dir sidd an engem anere Land vun der Europäescher Unioun verséchert a lieft zu Lëtzebuerg

  • Dat ass bei Persounen de Fall, déi ni zu Lëtzebuerg cotiséiert hunn, an engem anere Land vun der EU sozialverséchert sinn an op Lëtzebuerg plënneren.

Wien ass zoustänneg fir:

Lëtzebuerg

Residenzland

Sachleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Jo

Neen

Geldleeschtungen – Aktivitéite vum alldeegleche Liewen

Neen

Jo

Technesch Hëllefsmëttelen/Adaptatioune vun der Wunneng/Adaptatioune vum Auto

Jo

Neen

Forfait fir d'Inkontinenzmaterial

Jo

Neen

 

Konkret heescht dat, datt eng Persoun, déi an engem aneren EU-Land sozialverséchert ass, an zu Lëtzebuerg wunnt, vu Lëtzebuerg Sachleeschtunge kréie kann, wa se vun engem Fleegedéngscht doheem oder an engem Hëllefs- a Fleegeetablissement gefleegt gëtt.

 

CNS - Departement „Fleegeversécherung“

Sämtlech Informatiounen zu de Leeschtungen am Ausland kritt Dir bei der Gesondheetskeess (CNS) - Departement „Fleegeversécherung“:

adetra.cns@secu.lu

Den Usproch op Palliativfleeg

Säit 2009 sinn d'Rechter vu Persounen, déi um Stierwe leien, an engem Gesetz festgehalen. Dëst Gesetz gesäit och d'Recht vun deene Persounen op Palliativfleeg vir, wa si dat wëllen.

  • Wann Dir d'Leeschtunge vun der Palliativfleeg wëllt an Usproch huelen, braucht Dir keng Demande op Fleegeversécherung anzereechen an Iech och kenger Evaluatioun duerch d'AEC ze ënnerzéien. Dir musst awer Ären Dokter froen, fir eng Demande op Palliativfleeg beim Contrôle médical de la sécurité sociale anzereechen.
  • Eng Persoun, déi laut der Decisioun vum Contrôle médical de la sécurité sociale Usproch op Palliativfleeg huet, ka vum ganze Leeschtungskatalog vun der Fleegeversécherung profitéieren, mat Ausnam vun den Adaptatioune vun der Wunneng. D'Prise en charge entsprécht engem Forfait vu 780 Minutten un Aktivitéite vum alldeegleche Liewen (AEV). Déi medezinesch Akten, déi vun der Krankeversécherung virgesi sinn, sinn duerch d'Virschrëften aus de Statute vun der Gesondheetskeess ofgedeckt.
  • Persounen, deene Palliativfleeg bewëllegt gëtt an déi deen Ament scho Beneficiaire vun der Fleegeversécherung sinn an eng Geldleeschtung bezéien, behalen hiren Usproch op dës Leeschtung.
  • Äre behandelnden Dokter kann Iech Är Froe jee no Ärer perséinlecher Situatioun am beschte beäntweren. Méi Informatioune fannt Dir och op der Internetsäit vum Gesondheetsministère (www.sante.lu). Och d'CNS kann Iech zousätzlech Renseignementer ginn (www.cns.lu / Service „Autorisatiounen - Palliativfleeg“ Tel.: (+352)2757-4516).
Nëtzlech Links an Adressen

Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung (Administration d’évaluation et de contrôle (AEC) de l’assurance dépendance)

125, route d’Esch

L-1471 Luxembourg

L- 2974 Luxembourg (Postadress)

E-Mail: secretariat@ad.etat.lu

 

Fir allgemeng Renseignementer:

Helpline Sekretariat vun der AEC

Tel.: (+352) 247-86060

E-Mail: secretariat@ad.etat.lu

Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

Fax: (+352) 247-86061

Fir Renseignementer am Zesummenhang mat techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger Adaptatioun vum Auto:

Helpline „Technesch Hëllefsmëttelen“ vun der AEC

Tel.: (+352) 247-86040

E-Mail: helpline.at.lo@ad.etat.lu

Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

Internetsäit: www.assurance-dependance.lu

 

GESONDHEETSKEESS (CNS) - DEPARTEMENT „FLEEGEVERSÉCHERUNG“

125, route d'Esch

L-1471 Luxembourg

B. P. 1023, L-1010 Luxembourg (Postadress)

Tel.: (+352) 2757- 4455

Fax: (+352) 2757 – 4619

E-Mail: assurancedependance@secu.lu

E-Mail: adetra.cns@secu.lu (Renseignementer iwwer den internationale Volet)

Internetsäit: www.cns.lu

 

MINISTÈRE FIR FAMILL, INTEGRATIOUN AN D'GROUSSREGIOUN

13c, rue de Bitbourg

L-1273 Luxembourg

Service fir Renseignementer fir eeler Leit & Relevé vun de Servicer fir eeler Leit (Fleegedéngschter, Altersheemer, Fleegeheemer, Betreit Wunnen asw.)

Senioren-Telefon: (+352) 247-86000

E-Mail: senioren@fm.etat.lu

Internetsäit: www.luxsenior.lu

 

GESONDHEETSMINISTÈRE

Allée Marconi - Villa Louvigny

L- 2935 Luxembourg

Tel.: (+352) 247 85505

E-Mail: ministere-sante@MS.etat.lu

Internetsäit: www.ms.public.lu

Portail Santé: Informatiounen an Online-Servicer im Beräich Gesondheet a Soziales

Internetsäit: www.sante.lu

 

MINISTÈRE FIR MOBILITÉIT AN ËFFENTLECH AARBECHTEN

Departement fir Mobilitéit an Transport

Stroosseverkéier a Verkéiersécherheet - Medezinesch Kommissioun (Fürerschäin)

4, Place de l'Europe
L-1499 Luxembourg-Kirchberg

Tel.:     (+352) 247-84466

(+352) 247-84931

Fax:     (+352) 26 47 89 48

E-Mail: info@mt.public.lu

Internetsäit: www.transports.lu

 

CENTRE COMMUN DE LA SECURITÉ SOCIALE

Umeldung vun der Fleegepersoun bei der Pensiounskeess

125, route d’Esch

L-1471 Luxembourg

L-2975 Luxembourg (Postadress)

Tel.: (+352) 40 141-1

ccss@secu.lu

Internetsäit: www.ccss.lu

 

FONDS NATIONAL DE SOLIDARITÉ (FNS)

Renseignementer iwwer d'Participatioun un de Pensiounskäschten an den Etablissementer

8-10, rue de la Fonderie

L-1531 Luxembourg

B.P. 2411, L-1024 Luxembourg (Postadress)

Tel.: (+352) 491081-1

E-Mail: fns@secu.lu

Internetsäit: www.fns.lu

 

INFO-HANDICAP

Nationalen Zentrum fir Informatioun a Begéinung am Beräich Behënnerung

65, avenue de la Gare

L-1611 Luxembourg

Tel.: (+352) 366 466-1

Fax: (+352) 360 885

E-Mail: info@iha.lu

Internetsäit: www.info-handicap.lu

 

Verzeechnes vun de meeschte Servicer an Institutiounen vum soziale Reseau zu Lëtzebuerg

Site internet: www.resolux.lu

 

SERVICE MOYENS ACCESSOIRES (SMA)

Bereetstelle vun techneschen Hëllefsmëttelen

20-22, rue Geespelt

L- 3379 Livange

Tel.: (+352) 40 57 33-1

E-Mail: contact@sma.lu

Internetsäit: www.sma.lu

 

ADAPTH

Nationale Kompetenzzentrum a Saachen Accessibilitéit vu Gebaier

36, route de Longwy

L-8080 Bertrange

Tel.: (+352) 43 95 58 – 1

Fax: (+352) 43 95 58 – 99

Internetsäit: www.adapth.lu

 

OFFICE NATIONAL DE L’ENFANCE (ONE)

Den Office national de l’enfance (ONE) ass eng Administratioun vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Den ONE ass fir d'Hëllefsmoossname fir Kanner
an d'Famill zoustänneg.

3-5, rue Auguste Lumière

L-1950 Luxembourg

Tel.: (+352) 247-73696

Fax: (+352) 247-73699

E-Mail: one@one.etat.lu

Internetsäit: www.one.public.lu

 

ZUKUNFTSKEESS

34, av. de la Porte Neuve

L-2227 Luxembourg

B.P. 394, L-2013 Luxembourg (Postadress)

Tel.: (+352) 47 71 53-1

Internetsäit: www.cae.lu

 

ANNUAIRE VUN DE STAATLECHEN INTERNETSÄITEN

Internetsäit: www.etat.lu

 

INFORMATIOUNEN AN AKTUALITEITE VUN DER LËTZEBUERGER REGIERUNG

Internetsäit: www.gouvernement.lu

 

GESETZER AM BERÄICH VUN DER SOZIALER SÉCHERHEET

Internetsäit: www.secu.lu

Aktualiséiert