Recoursen

A Saache Sozialversécherung muss tëschent verwaltungsinternen a geriichtleche Recoursen ënnerscheet ginn.

Fir e Sträitfall virun e Sozialgeriicht ze bréngen, muss déi verséchert Persoun virdrun e verwaltungsinterne Recours, och „Recours à l'amiable“ genannt, bei der Institutioun ageluecht hunn.

Administrative Recours

Recours beim Sozialversécherungsträger

Fir all Versécherungsbranche verfüügt déi verséchert Persoun iwwert eng Prozedur, fir Oppositioun géint individuell Decisiounen anzeleeën. A Saache Fleegeversécherung huet se folgend Méiglechkeeten:

Offiziell Decisioun vum President vun der Gesondheetskeess (déi och a Saache Fleegeversécherung zoustänneg ass)

Eng verséchert Persoun, déi net mat enger Decisioun vun der Gesondheetskeess averstanen ass, huet d'Méiglechkeet, eng offiziell Decisioun vum President vun dëser Institutioun ze verlaangen.

No dëser Decisioun kann déi verséchert Persoun bannent véierzeg Deeg Oppositioun beim Conseil d’administration aleeën.

Oppositioun beim Conseil d'administration vun der Gesondheetskeess

A Saache Fleegeversécherung ass de Conseil d'administration vun der Gesondheetskeess och zoustänneg.

Déi verséchert Persoun kritt eng Decisioun vum Conseil d'administration, géint déi se virun der Commission de surveillance oder de Sozialgeriichter e Recours kann aleeën.

Commission de surveillance

De Ministère fir sozial Sécherheet huet eng Commission de surveillance ageriicht.

Dës ass a Saache Kranke-/Maternitéitsversécherung, Onfallversécherung a Fleegeversécherung zoustänneg. Entgéint der Kranke-/Maternitéitsversécherung kann déi verséchert Persoun kee Recours bei der Commission de surveillance aleeën, well se d'Käschte fir d'Leeschtunge vun der Fleegeversécherung net virstreckt. Se huet also näischt mat den entspriechende Sträitfäll ze dinn. D’Initiativ geet vun der Gesondheetskeess oder den Déngschtleeschter aus.

D'Commission de surveillance ass deemno zoustänneg:

  • engersäits fir Sträitfäll a Saache Facturéierung vun de Leeschtungen zu Laaschte vun der Fleegeversécherung;
  • anerersäits wann een Déngschtleeschter géint eng Bestëmmung vun engem Gesetz, engem Reglement, engem Statut oder enger Konventioun verstéisst.

Facturéierung vun de Leeschtungen zu Laaschte vun der Fleegeversécherung

Hei handelt et sech ëm Sträitfäll tëschent der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll respektiv der Gesondheetskeess an den Déngschtleeschter. Vu datt déi verséchert Persoun d'Käschte fir d'Leeschtunge vun der Fleegeversécherung net virstreckt, ass se net vun den entspriechende Sträitfäll betraff.

Verstéiss vun engem Déngschtleeschter géint eng Bestëmmung vun engem Gesetz, engem Reglement, engem Statut oder enger Konventioun

Wéi och a Saache Krankeversécherung an Onfallversécherung ass d'Commission de surveillance dofir zoustänneg, fir Verstéiss vun de Fleegedéngschtleeschter géint eng Bestëmmung vun engem Gesetz, engem Reglement, engem Statut oder enger Konventioun festzestellen.

Recours viru Geriicht

Wann déi zoustänneg Institutioun hir Decisioun nom interne Recours net ännert, gëtt d'Affär an enger zweeter Phas virun déi Geriichter bruecht, déi am Beräich vun der Sozialversécherung zoustänneg sinn, d. h.:

  • de Conseil arbitral de la sécurité sociale, deen an éischter Instanz iwwer Sträitfäll entscheet;
  • de Conseil supérieur de la sécurité sociale, deen iwwer Recourse géint dem Conseil arbitral de la sécurité sociale seng Uerteeler entscheet.

Déi lescht Méiglechkeet ass e Recours virun der Cours de cassation géint d'Arrêten an d'Uerteeler, déi a leschter Instanz gefall sinn.

De Conseil arbitral de la sécurité sociale

De Conseil arbitral de la sécurité sociale ass d'Geriicht, dat an éischter Instanz zoustänneg ass. En entscheet an éischter an och a leschter Instanz a Sträitfäll, denen hire Sträitwäert net méi héich ewéi 1.250 Euro ass, a géint seng Decisioune kann Appell gemaach ginn, wann de Sträitwäert dëse Betrag iwwerschreit. E Recours beim Conseil arbitral muss bannent véierzeg Deeg no der Zoustellung vum Comité directeur vum betraffene Sozialversécherungsträger senger Decisioun oder der Commission de surveillande hirer Decisioun gemaach ginn, woubäi dësen Usproch soss verfält.

De Conseil supérieur de la sécurité sociale

De Conseil supérieur de la sécurité sociale ass d'Beruffungsgeriicht. Den Appell muss bannent 40 Deeg no der Zoustellung vum Conseil arbitral de la sécurité sociale sengem Uerteel gemaach ginn, woubäi dësen Usproch soss verfält.

Dem Conseil supérieur seng Decisioun ass endgülteg.

De Pourvoi en cassation

Déi verséchert Persoun huet d'Méiglechkeet, d'Cassatioun vun den Decisiounen unzefroen, déi de Conseil arbitral an de Conseil supérieur de la sécurité sociale a leschter Instanz getraff hunn, dëst awer nëmme wann e Verstouss géint e Gesetz oder eng Prozedur op der Säit vun de Sozialgeriichter virläit.

Aktualiséiert