Prise en charge

No der Evaluatioun hält d'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung an enger Synthees d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fest, op déi déi fleegebedierfteg Persoun all Woch Usproch huet. Unhand vun dëser Synthees kann och ermëttelt ginn, ob d'Persoun de Mindestbedarf vun 3,5 St./Woch un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen erreecht huet.

Opgrond vun dësem Bedarf un Hëllefs- a Fleegeleeschtunge gëtt dem Demandeur ee vun de 15 Fleegeniveauen zougewisen. All Fleegeniveau entsprécht enger gewëssener Unzuel vu Minutten. De bewëllegte Fleegeniveau deckt d'Beräicher vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, jee no der fleegebedierfteger Persoun hirer Situatioun an hiren individuelle Besoinen.

Déi fleegebedierfteg Persoun lieft an engem Etablissement

Wann am Kader vun der Fleegeversécherung vun enger Hëllefsleeschtung, déi vun engem professionellen Déngschtleeschter (Etablissement, Fleegedéngscht oder semi-stationären Zenter) erbruecht gëtt, rieds ass, schwätzt ee vu Sachleeschtungen.

Wann déi fleegebedierfteg Persoun an engem Etablissement fir Senioren oder fir behënnert Persoune lieft, iwwerhëlt d'Fleegeversécherung d'Käschte fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi déi fleegebedierfteg Persoun brauch: D'Gesondheetskeess bezilt de Forfait fir d'Sachleeschtungen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen direkt un d'Déngschtleeschter. Et gi 15 verschidde Forfaiten, jee no Ausmooss vun deenen néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen. Falls relevant ginn d'Käschte fir déi verschidde bewëllegt Aktivitéiten och direkt un d'Etablissement bezuelt.

D'Pensiounskäschten (zu deenen de Loyer vum Zëmmer an d'Käschte fir d'Iessen an d'Betreiung gehéieren) ginn ëmmer zu Laaschte vun der fleegebedierfteger Persoun. Zousätzlech Renseignementer am Zesummenhang mat der Bedeelegung un de Pensiounskäschte fannt Dir op folgender Plaz:

Fonds national de solidarité

Tel.: (+352) 491081-1

www.fns.lu

Déi fleegebedierfteg Persoun wunnt doheem

Eng Persoun bedeelegt sech un den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen

D'Gesetz gesäit vir, datt eng Persoun, déi sech regelméisseg an op d'mannst ee Mol d'Woch un den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bedeelegt, ënner gewëssene Konditiounen als Fleegepersoun unerkannt ka ginn. Bei dëser Fleegepersoun kann et sech ëm eng Persoun handelen, déi der fleegebedierfteger Persoun no steet, oder soss eng Privatpersoun, déi vun der fleegebedierfteger Persoun agestallt gouf.

Dës Fleegepersoun muss vun der AEC identifizéiert an evaluéiert ginn, fir datt d'Sachleeschtungen (Leeschtungen, déi vun engem Fleegedéngscht erbruecht ginn) duerch Geldleeschtunge kënnen ersat ginn.

  • D’Fleegepersoun muss präsent sinn, wann der AEC hire Referent dem Demandeur seng Besoinen evaluéiert.
  • Der Fleegepersoun hir Fäegkeeten an Disponibilitéiten, fir d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge ganz oder zum Deel ze erbréngen, ginn och evaluéiert.
  • Den Demandeur an d’Fleegepersoun mussen eng Informatiounsfiche iwwer d’Fleegepersoun ausfëllen.
  • Déi ausgewielte Fleegepersoun engagéiert sech, déi Hëllefs- a Fleegeleeschtunge, déi virgesi sinn, bis déi nächst Evaluatioun ze erbréngen.

Der AEC hire Referent entscheet opgrond vun dëse Krittären a senge Feststellungen, ob d'Persoun, déi sech un den Hëllefs- a Fleegeleeschtunge bedeelegt, am Sënn vum Gesetz als Fleegepersoun unerkannt ka ginn:

  • Wann dës Persoun net als Fleegepersoun ka bestätegt ginn, ginn all d'Leeschtungen als Sach- an net als Geldleeschtunge bewëllegt. D'Sachleeschtunge kënnen nëmmen un e Fleegedéngscht bezuelt ginn, dee vun der Gesondheetskeess zougelooss ass.
  • Wann dës Persoun als Fleegepersoun unerkannt gëtt, erbréngt se d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen eleng oder an Zesummenaarbecht mat engem Fleegedéngscht:
    • Der AEC hire Referent leet fest, ob d’Fleegepersoun amstand ass, all d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen eleng ze erbréngen oder ob se vun engem Fleegedéngscht muss ënnerstëtzt ginn.
    • Wann d'Ënnerstëtzung duerch e Fleegedéngscht néideg ass, dann ass der AEC hire Referent dofir zoustänneg, iwwer d'Opdeelung vun den néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen ze entscheeden, fir eng beschtméiglech Prise en charge ze garantéieren.

Wann dës Fleegepersoun net méi disponibel ass, huet déi fleegebedierfteg Persoun d'Méiglechkeet, op e Fleegedéngscht vun hirer Wiel zeréckzegräifen.

Den Asaz vun engem Fleegedéngscht ass néideg

Déi fleegebedierfteg Persoun kann den Déngschtleeschter fräi auswielen. Si muss selwer e Fleegedéngscht auswielen an déi néideg Demarchë maachen, fir d'Betreiung entspriechend dem Referent sengen Angaben an d'Weeër ze leeden.

Nëtzlech Telefonsnummeren an Adressen:

Ministère fir Famill an Integratioun

Senioren-Telefon: (+352) 247-86000

Informatiounsdéngscht fir Senioren

www.luxsenior.lu

Lëscht vun de Servicer fir Senioren

Info Handicap

Tel.: (+352) 366466

www.info-handicap.lu

Nationaalt Zentrum fir Informatioun a Begéinung am Beräich Behënnerung

 

Bezuele vun de Leeschtungen u Persounen, déi doheem wunnen

Wann ausschliisslech e Fleegedéngscht Leeschtungen erbréngt, bezilt d'Gesondheetskeess (CNS) de Forfait fir d'Sachleeschtungen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen direkt un de Fleegedéngscht. Falls relevant ginn d'Käschte fir déi Aktivitéiten, déi zousätzlech bewëllegt ginn, och direkt un de Fleegedéngscht bezuelt.

Wann e Fleegedéngscht an eng Fleegepersoun Leeschtungen erbréngen, gëtt d'Opdeelung vun den néidegen Hëllefs- a Fleegeleeschtungen - d. h. d'Opdeelung vun de Leeschtungen, déi de Fleegedéngscht erbréngt, a vun de Leeschtungen, déi d’Fleegepersoun erbréngt - an der Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi mussen duerchgeféiert ginn, festgehal. Entspriechend der Opdeelung, déi festgehal ginn ass, bezilt d'Gesondheetskeess déi jeeweileg Forfaite vun de Sach- a Geldleeschtunge wat d'Sachleeschtungen ubelaangt direkt un de Fleegedéngscht a wat d'Geldleeschtungen ugeet direkt un déi fleegebedierfteg Persoun.

Wann ausschliisslech eng Fleegepersoun Leeschtungen erbréngt, kann e Forfait fir d'Duerchféiere vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen an/oder d'Ënnerstëtzung beim Haushalt duerch dës Fleegepersoun un déi fleegebedierfteg Persoun bezuelt ginn. De Forfait, dee bewëllegt gëtt, gëtt an Euro pro Woch ausgedréckt (Geldleeschtungen) an als Unerkennung vun der Hëllef, déi d’Fleegepersoun erbréngt, bezuelt.

Et ginn 10 verschidde Forfaite bei de Geldleeschtungen, jee no Ausmooss vun der Betreiung, déi d’Fleegepersoun iwwerhëlt.

Aktualiséiert