Evaluatioun vun der Fleegebedierftegkeet

D'Gesondheetskeess (CNS) gëtt d'Demande un d'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung weider, déi dofir zoustänneg ass, d'Fleegebedierftegkeet festzestellen an de Fleegeniveau ze bestëmmen.

D'Evaluatioun vun der Fleegebedierftegkeet gëtt vun engem Gesondheetsberuffler vun der AEC beim Demandeur doheem, an der AEC hire Raimlechkeeten oder an dem jeeweilegen Etablissement duerchgeféiert. De Rendez-vous fir d'Evaluatioun gëtt dem Demandeur matgedeelt.

An der Regel handelt et sech bei dësem Gesondheetsberuffler ëm de Referent, dee fir den Dossier a säi Suivi zoustänneg ass. Seng Coordonnéeë ginn dem Demandeur bei der Evaluatioun matgedeelt.

Bei der Evaluatioun ginn der fleegebedierfteger Persoun hir Fäegkeeten, fir d’Aktivitéite vum alldeegleche Liewen duerchzeféieren, ënnersicht. Den Demandeur an, bei Bedarf, eng Persoun aus sengem Ëmfeld kréien eng Rei Froe gestallt.

No der Evaluatioun hält de Referent an engem Relevé d'Hëllefs- a Fleegeleeschtunge fest, op déi déi fleegebedierfteg Persoun wärend enger Woch Usproch huet. Unhand vun dësem Relevé kann och ermëttelt ginn, ob d'Persoun de Mindestbedarf vun 3,5 St./Woch un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen erreecht huet.

Wat maachen am Fall vun engem dréngende Besoin un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, wann eng Persoun doheem lieft?

Déi betraffe Persoun ka sech direkt un en Déngschtleeschter vun hirer Wiel (e Fleegedéngscht) wenden, dee si iwwert d'Modalitéite vun der Prise en charge informéiert.

Wann d'Persoun no der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung hirer Evaluatioun als fleegebedierfteg unerkannt gëtt, huet si ab dem Datum vun der Demande Usproch op Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi vun engem Fleegedéngscht erbruecht ginn (Sachleeschtungen).

Wat maachen am Fall vun engem dréngende Bedarf un techneschen Hëllefsmëttelen oder engem dréngende Besoin, fir d'Wunneng unzepassen?

Fir all Renseignement am Zesummenhang mat techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger Adaptatioun vum Auto kann een der AEC hir Helpline „Technesch Hëllefsmëttelen“ kontaktéieren:

  • Telefonsnummer: (+352) 247-86040
  • Méindes bis Freides vun 8:30 bis 11:30 an vun 13:30 bis 16:30 Auer

 

WICHTEG: Dir sollt op kee Fall op eegen Initiativ technesch Hëllefsmëttelen (z. B. e Rollstull, e Fleegebett oder Hëllefe fir ze goen) kafen oder Aarbechten ufänken, fir d'Wunneng unzepassen, éier Dir d'Geneemegung vun der AEC krut. D'Gesetz gesäit keng réckwierkend Prise en charge vir.

Aktualiséiert