Offiziell Decisioun

Wéi gëtt déi fleegebedierfteg Persoun iwwert déi offiziell Decisioun informéiert?

Déi offiziell Decisioun, wat d'Bewëllegung vun de Leeschtungen ugeet, gëtt vum President vun der Gesondheetskeess (CNS) op Basis vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung hirem Avis geholl. Zesumme mat der Decisioun gëtt d'Synthees vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen, déi duerchgeféiert musse ginn, opgestallt.

Dës Dokumentatioun informéiert déi fleegebedierfteg Persoun iwwert:

  • déi verschidde Leeschtungen, op déi se Usproch huet (Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, Aktivitéiten, déi d'Onofhängegkeet ënnerstëtzen, Aktivitéite fir d'Fleeg doheem, Betreiungsaktivitéiten an engem Etablissement, Forfait fir d'Inkontinenzmaterial);
  • de Besoin un Hëllefs- a Fleegeleeschtungen all Woch;
  • d'Detailer, wat Hëllefs- a Fleegeleeschtungen ugeet, déi erbruecht musse ginn, d'Opdeelung vun den Hëllefs- a Fleegeleeschtungen tëschent der Fleegepersoun an dem Fleegedéngscht an d'Pauschalbezuelungen;
  • déi technesch Hëllefsmëttelen oder d'Adaptatioune vun der Wunneng, déi opgrond vun der Evaluatioun musse bewëllegt ginn.

D'Decisioun gëtt un déi fleegebedierfteg Persoun an de jeeweilegen Déngschtleeschter (Fleegedéngscht oder Etablissement) geschéckt.

Den Demandeur ass net mat der Entscheedung averstan

Den Demandeur ka beim Conseil d'administration vun der Gesondheetskeess (CNS) Oppositioun géint d'Decisioun aleeën. Fir dat ze maachen, brauch hie just bannent véierzeg Deeg no der Decisioun e Schreiwes un de President vun der Gesondheetskeess ze schécken. Dëse Bréif muss den Demandeur selwer ënnerschreiwen (oder säi gesetzleche Vertrieder, wann e mannerjäreg oder ënner Tutelle ass).

Op der offizieller Decisioun, déi d'Persoun kritt, ass d'Prozedur fir Oppositioun anzeleeën, déi muss agehal ginn, op Franséisch an op Däitsch beschriwwen.

Wann déi betraffe Persoun Oppositioun géint d'Decisioun aleet, gëtt hiren Dossier vun der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) iwwerpréift, fir ze beuerteelen, ob d'Oppositioun begrënnt ass.

Wann den Demandeur mam Conseil d'administration vun der Gesondheetskeess senger Decisioun no senger Oppositioun net averstanen ass, da kann en e Recours beim Conseil arbitral de la sécurité sociale areechen.

Dës Demarche muss hie bannent de véierzeg Deeg no der entspriechender Decisioun maachen.

Wann déi betraffe Persoun och net mam Conseil arbitral de la sécurité sociale senger Decisioun averstanen ass, ka se virum Conseil supérieur de la sécurité sociale Appell maachen.

Heifir huet se nees en neien Delai vu véierzeg Deeg.

De Besoin un Hëllef vun der Persoun ännert sech

Déi fleegebedierfteg Persoun kann eng Reevaluatioun vun hirer Situatioun ufroen. Esou eng Reevaluatioun kann an der Regel eréischt ee Joer no där viregter Decisioun ugefrot ginn, ausser bei enger grondleeënder Ännerung vun den Ëmstänn.

Déi betraffe Persoun brauch just eng nei Demande fir Leeschtunge vun der Fleegeversécherung anzereechen. Wa se dës Demande areecht, éier e ganzt Joer vergaangen ass, ass et wichteg, datt de behandelnden Dokter a sengem medezinesche Rapport (R20) d'Grënn vun der grondleeënder Ännerung vun den Ëmstänn ugëtt.

D'Reevaluatioun kann och vun engem Familljemember, der Fleegepersoun, dem Déngschtleeschter, der Gesondheetskeess (CNS) oder der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung ugefrot ginn. D'AEC beuerteelt, a wéi wäit et ubruecht ass, d'Besoine vun der fleegebedierfteger Persoun ze reevaluéieren, wann nach kee ganzt Joer vergaangen ass.

Wann eng Reevaluatioun ugefrot gëtt, gëtt d'Fleegebedierftegkeet nei evaluéiert. Déi fleegebedierfteg Persoun kritt doropshin eng nei Decisioun.

Wann de Besoin un Hëllef vun der Persoun zougeholl huet, ginn d'Leeschtungen erhéicht. Dës Erhéijung trëtt den éischten Dag vun där Woch, an där d'Demande agereecht gouf, a Kraaft.

Wann de Besoin un Hëllef vun der Persoun ofgeholl huet, ginn d'Leeschtungen erofgesat. An deem Fall trëtt dës Erofsetzung vun de Leeschtungen eréischt den éischten Dag vun der Woch, no där déi entspriechend Decisioun matgedeelt ginn ass, a Kraaft.

Aktualiséiert