Online Servicer vun den Entitéite vun der sozialer Sécherheet

Am Kader vun der Digitalisatioun war et dem Ministère fir sozial Sécherheet wichteg, sämtlech sozial Entitéiten zesummenzebréngen, fir déi verschidden Online-Servicer fir déi Verséchert virzestellen an ze fërderen. Zu dësem Zweck sinn déi verschidde Servicer vun der Gesondheetskees (CNS), der Onfallversécherung (AAA), der nationaler Pesiounskees (CNAP), dem Zenter fir Sozialversécherungen (CCSS) an der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung virgestallt ginn.

  1. ©MSS

    (v. l. n. r.) Marc Hostert, Ministère fir sozial Sécherheet; Abilio Fernandes, Ministère fir sozial Sécherheet; Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet; Christian Oberlé, President der Gesondheetskeess; Cédric Neiens, Gesondheetskeess

  2. ©MSS

    (v. l. n. r.) Guillaume Schimberg, Onfallversécherung; Claude Seywert, President vum Zenter fir Sozialversécherungen an der Onfallversécherung; Emir Ramdedovic, Zenter fir Sozialversécherungen

    (v. l. n. r.) Guillaume Schimberg, Onfallversécherung; Claude Seywert, President vum Zenter fir Sozialversécherungen an der Onfallversécherung; Emir Ramdedovic, Zenter fir Sozialversécherungen

  3. ©MSS

    (v. l. n. r.) Cédric Neiens, Gesundheitskeess; Alain Reuter, President vun der nationaler Pensiounskeess; Frank Schroeder, national Pensiounskeess

    (v. l. n. r.) Cédric Neiens, Gesundheitskeess; Alain Reuter, President vun der nationaler Pensiounskeess; Frank Schroeder, national Pensiounskeess

  4. ©MSS

    Dr. Nathalie Rausch, medezinesch Direktesch vun der  Administratioun fir d’Evaluatioun an d’Kontroll vun der Fleegeversécherung

    Dr. Nathalie Rausch, medezinesch Direktesch vun der Administratioun fir d’Evaluatioun an d’Kontroll vun der Fleegeversécherung

Iwwer 80 Servicer sinn zur Zäit online disponibel a kënnen op der Internetsäit vum Ministère fir sozial Sécherheet ofgeruff ginn, déi all Trimester aktualiséiert gëtt. An dësem Zäitraum wäert de Ministère fir sozial Sécherheet déi lokal Presse reegelméisseg iwwer déi verschidden Neierunge vun den Online-Servicer informéieren. Esou kann de Versécherten/Bierger sech méi séier a méi einfach mat de verschiddenen Administratiounen iwwer seng alldeeglech Rechter austauschen.

De klasseschen Accès zu de verschiddenen Entitéite vun der sozialer Sécherheet bleift selbstverständlech bestoen.

Fir dës nei Online-Déngschter bei de Versécherten anzeféieren, gëtt an deenen nächsten zwou Wochen eng Campagne lancéiert. Dës Campagne fënnt op Lëtzebuergesch, Franséisch, Portugisesch an Englesch a verschiddene Medien an op de sozialen Netzwierker statt.

De Minister fir sozial Sécherheet, Claude Haagen, huet dëse "Pak fir d'Moderniséierung vun der sozialer Sécherheet" virgestallt an d'Pressekonferenz mat folgende Wierder ofgeschloss: "Digitalisatioun vun den Entitéite vun der sozialer Sécherheet réckelt méi no un d'Besoine vun de Versécherten."

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert