De Claude Haagen huet déi zukünfteg "Cité de la sécurité sociale" besicht

Den 8. Februar 2023 huet de Minister fir sozial Sécherheet, Claude Haagen, a Begleedung vum President vum Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC), dem Alain Reuter, déi zukünfteg "Cité de la sécurité sociale" besicht. D'Gebai gouf vum FDC gebaut a bleift och an hirem Besëtz.

  1. ©MSS

    (v. l. n. r.) Alain Reuter, President vum Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC) ; Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet; Romain Betz, Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC)

  2. ©MSS

    (v.l.n.r.) Romain Betz, Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC); Alain Reuter, President vum Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC); Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet

  3. ©FDC

    Illustratioun

    Illustratioun

  4. ©FDC

    PAP (Plan d'aménagement particulier)

    PAP (Plan d'aménagement particulier)

  5. ©MSS

    Cité vun der sozialer Sécherheet (Cité de la sécurité sociale)

    Cité vun der sozialer Sécherheet (Cité de la sécurité sociale)

  6. ©MSS

    Open-Space-Raum

    Open-Space-Raum

  7. ©MSS

    (v. l. n. r.) Alain Reuter, President vum Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC); Romain Betz, Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC) ; Marc Wagner, Dieschbourg Wagner Architectes SA; Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet

  8. ©MSS

    Pläng vun de Stäck

    Pläng vun de Stäck

  9. ©FDC

    Vue vun uewen

    Vue vun uewen

  10. ©MSS

    Reuniounssall

    Reuniounssall

An d'"Cité de la sécurité sociale" an der Rue Mercier (an der Géigend vun der Stater Gare) kommen an deenen nächste Méint d'Administration d'évaluation et de contrôle de l'assurance dépendance (AEC), de Contrôle médical de la sécurité sociale (CMSS), d'Gesondheetskeess (CNS), de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) an d'Association d'assurance accident (AAA) ënner.

Déi aktuell Raimlechkeete vum Sozialversécherungsträger an der Route d'Esch si fir déi ronn 1.000 Mataarbechter ze kleng ginn a kënnen de sech verännerte Besoine vum Träger net méi gerecht ginn. D'Gebai vum Office des assurances sociales, dat 1984 gebaut ginn ass a scho vergréissert gouf, stéisst u seng raimlech an altersbedéngte Limitten.

Dat neit Gebai wäert iwwer 52.000 m2 bidden - déi verfügbar Fläch huet sech domadder par Rapport zu den ale Raimlechkeete verduebelt - an erméiglecht et geschützte Persounen a méi frëndleche Guicheten an an engem Wartesall mat 220 Sëtzplaze besser ze empfänken. Duerch d'Proximitéit zur Stater Gare ass den Accès fir Versécherter aus allen Deeler vum Land vereinfacht ginn.

"De Bau vun der Cité de la sécurité sociale war noutwendeg, fir den Empfang vu geschützte Persounen ze verbesseren an de Mataarbechter vun den Institutiounen an Administratiounen zu erméiglechen, hir Aufgaben ënner Bedéngungen ze erfëllen, déi den neien Aarbechtsmethoden ugepasst sinn", kommentéiert de Claude Haagen.

De Projet vun der "Cité de la sécurité sociale"

De Projet vun der "Cité de la sécurité sociale" ass an zwou Phasen ënnerdeelt. Nom Ofschloss vun der éischter Phas am Mee 2023, geet am Hierscht 2023 déi zweet Bauphas vun der "Cité de la sécurité sociale" un. Am zweete Gebai wäerten déi National Pensiounsversécherungskees, d'Zukunftskeess an de FDC ënnerbruecht ginn.

E puer interessant Fakten:

  • Bruttogesamtfläch (Sous-sol + Hors sol) vum Gebai: 52.197 m2
  • Bebaute Bruttogrondfläch vum Gebai: 37.333 m2
  • 4 Sous-solen an 10 Etagen hors sol
  • Flexibelt Gebai mat mindestens 1.230 Aarbechtsposten
  • 18 Guichete fir den Empfang vun de Versécherten, Wartesall mat 220 Sëtzplazen
  • Konferenzzenter mat enger Salle polyvalente fir ongeféier 150 Persounen
  • Ëmweltzertifizéierung BREAAM "exzellent"
  • Photovoltaikanlag an thermesch Solaranlag um Daach
  • Bauzäit: vu Mäerz 2019 bis Dezember 2022
  • Unzuel vu Beschäftegter op der Baustell: bis zu 450 Aarbechter

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert