Evaluatiounen an Lockerung vun de sanitäre Restriktiounen
D’Prozedure vun der Administration d’évaluation et de contrôle de l’assurance dépendance (AEC) gi fortwährend ugepasst un déi sanitär Situatioun, fir d’Kontinuitéit vum ëffentlechen Déngscht ze assuréieren, fir de Leit e qualitativ héijen Service unzebidden a fir déi Demanden, déi erakommen, ze traitéieren.
D’AEC realiséiert d’Evaluatiounen an d’Reevaluatioune vun der Fleegebedierftegkeet am Respekt vun de sanitäre Reegelen an den aktuell gëltege Consignen.
Fir d’Evaluatiounen bei de Leit doheem oder an de Büroen vun der AEC zu Hollerech :
- Déi betraffen Assuréen gin den Dag virun der Evaluatioun iwwert Telefon kontaktéiert fir de RDV ze confirméieren.
- Ons Evaluateuren wäerten wärend der Evaluatioun eng Mask ophunn ; fir den Assuré a säin Aidant ass d'Droe vun der Mask wärend der Evaluatioun recommandéiert.
Fir d’Evaluatiounen an d’Reevaluatiounen am Alters- a Fleegeheem :
- D’Evaluatiounen an d’Essaien vun techneschen Hëllefsmëttel fannen no Ofsprooch mam Prestataire an am Respekt vun de sanitäre Reegelen statt.
Informatiounen par Rapport zu engem Dossier "Assurance dépendance" :
- Déi fleegebedierfteg Persounen, déi Froen hunn par Rapport zu hirem Dossier „Assurance dépendance“ kennen sech un de Referent vun hirem Dossier wenden.
- Fir Renseignementer stinn ons Helplinnen zur Verfügung Méindes bis Freides vun 8.30 bis 11.30 Auer a vun 13.30 bis 16.30 Auer.
- Helplinn Sekretariat, fir allgemeng Froen :
Tel. 247-86060 / Fax 247-86061
- Helplinn technesch Hëllefsmëttel, fir Renseignementer am Zesummenhang mat techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger
Adaptatioun vum Auto an Bereetstellung vun techneschen Hëllefsmëttel :
Tel. 247-86040 / Fax 247-86055
Um offizielle Site www.covid19.lu fannt Dir all néideg Informatiounen zum COVID-19.