D'Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (Administration d'évaluation et de contrôle - AEC) vun der Fleegeversécherung freet sech, Iech matzedeelen, dass hier Servicer an déi nei "Cité de la sécurité sociale" geplënnert sinn, no bei der Gare vun der Stad Lëtzebuerg.
D'Ännerung vun der Adresse vun de Konsultatiounsräim vun der AEC (125, route d’Esch zu L-1471 Hollerech)
gëllt ab de Méindeg, 05. Juni 2023.
Nei physesch Adress :
Administration d'évaluation et de contrôle (AEC) de l'assurance dépendance
4, rue Mercier
L-2144 Luxembourg
D'Adresse postale bleift onverännert :
Administration d'évaluation et de contrôle (AEC) de l'assurance dépendance
L-2974 Luxembourg
D'Kontakter vun Ären Uspriechpartner ännere sech net :
Eis Mataarbechterinnen a Mataarbechter si weiderhin ënnert deene gewinnten Telefonsnummeren an Email Adressen ze erreechen.
D'Cité de la sécurité sociale, déi am Garer Véierel läit, zentraliséiert op enger Plaz, nieft der Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung och déi National Gesondheetskeess (CNS), den Zenter fir Sozialversécherungen (CCSS), d'Onfallversécherung (AAA) an de Medezinesche Kontrolldéngscht vun der sozialer Sécherheet (CMSS).
Weider Informatioune fannt Dir ënnert : www.citesecu.lu
Fir weider Froen an Zesummenhang mat dem Plënnere vun der AEC kënnt Dir Iech un eis "Helpline Sekretariat" wenden ënnert der Nummer +352 247-86060 oder iwwert secretariat@ad.etat.lu.
