Evaluatioune an Gesondheetskris

D‘Evaluatioune vun der Fleegebedierftegkeet am Kader vun der sanitärer Kris

D‘Prozedure vun der Verwaltung fir d’Evaluatioun an d’Kontroll (AEC - Administration d’évaluation et de contrôle) vun der Fleegeversécherung gi permanent un déi sanitär Situatioun ugepasst, fir d’Kontinuitéit vum ëffentlechen Déngscht z’assuréieren, fir en qualitativ héije Service ze garantéieren an d‘Demanden déi mir kréien an déi dringend sinn ze traitéieren.

D’AEC realiséiert d’Evaluatiounen an d’Reevaluatiounen ënnert striktem Anhale vu sämtleche sanitäre Reegelen an no den aktuell gëltege Consignen.

 

Wat d’Evaluatiounen a Reevaluatiounen doheem & an de Raimlechkeeten vun der AEC (Hollerech) ugeet:

  • Déi betraffe Persounen ginn den Dag virun der Evaluatioun telefonesch kontaktéiert, fir de Rendez-vous ze confirméieren.
  • D’Droe vun enger Mask oder engem anere Schutz, dee Mond an Nues vollstänneg bedeckt, ass Flicht wärend der ganzer Evaluatioun. Wann den Assuré oder den Aidant keng Mask hunn, da kann onse Mataarbechter der zur Verfügung stellen.
  • D’AEC biet d’Famillen, d’Unzuel vu Persounen déi wärend der Evaluatioun am Raum present sinn op e strikte Minimum ze beschränken, also nëmmen déi Persoun déi d‘Demande gestallt huet an hiren Aidant. D’Presenz vum Fleegedéngscht wärend verschiddenen Evaluatiounen bleift méiglech.

 

Wat d‘Evaluatiounen a Reevaluatiounen an Etablissementer ugeet:

D’AEC traitéiert, an Ofsprooch mat der COPAS (Daachverband vun de Fleegedéngschtleeschter),  Evaluatioune vu fleegebedierftege Persounen déi an engem Etablissement (Altersheim oder Fleegeheim) liewen iwwert den Outil My-Secu elektronesch.

My-Secu ass eng sécher informatesch Plattform iwwert déi professionell Prestatairen, déi di néideg Autorisatiounen hunn an ausräichend identifizéiert sinn, der AEC d'Hëllefs- a Fleegeleeschtungen déi si der fleegebedierfteger Persoun  zoukomme loosse matdeele kennen. Op Basis vun dësen Informatioune leed d’AEC hiren Avis un d’CNS weider.  

Verschidden Evaluatiounen gi sur place realiséiert, ëmmer no Ofsprooch mam Prestataire, ënnert striktem Anhale vu sämtleche sanitäre Reegelen an no den aktuell gëltege Consignen.

 

Informatiounen zum Dossier vun der Fleegeversécherung:

Fleegebedierfteg Persoune mat spezifesche Froen zu hirem Dossier kennen hiere Referent vun der AEC kontaktéieren.

 

 Allgemeng Renseignementer:

"Helpline Sekretariat"

Tel. 247-86060 / Fax. 247-86061

Méindes bis Freides vun 9:00 bis 11:00 Auer a vu 14:00 bis 16:00

Contact Email

 

Renseignementer am Zesummenhang mat techneschen Hëllefsmëttelen, enger Adaptatioun vun der Wunneng oder enger Adaptatioun vum Auto & Bereetstellung vun techneschen Hëllefsmëttel:

"Helpline Technesch Hëllefsmëttel"

Tel. 247-86040 / Fax. 247-86055

Méindes - Dënschdes - Donneschdes - Freides vun 8:30 bis 11:30 Auer

Mëttwochs vun 13:30 bis 17:00 Auer

 

Um offizielle Site www.covid19.lu fannt Dir all néideg Informatiounen zum Coronavirus an der COVID-19.

 

Läscht Aktualiséierung: 29.06.2021

Aktualiséiert